|
Septemberwoch
2009 (02. – 06. September)
Fir d’Rentrée 2009 hunn sech eis Lëtzebuerger Seminaristen afonnt, fir
hir traditionel Septemberwoch zesummen ze verbréngen. An dëser
Septemberwoch, déi se zum gréissten Deel am Centre Jean XXIII. um
Weimeschhaff verbruet hunn, stung den „interreliéisen Dialog zu
Lëtzebuerg,
besonnesch mam Islam“ um Programm. Den Unfank woar geprägt vum
Interessi dorun, wat jeweils déi aner Matbridder an der Vakanz Schéines
erlieft a gemeet hunn. Op deër Plaz sinn och déi zwee nei Seminariste
begréisst ginn, die an dësem neie Studienjoer ufänke wäerten.
Während de ganzen Deeg kruten eis jonk Frënn en Abléck an den Islam an
an d’Begéignung mat him durgeluecht. A verschiddenen Enheeten, déi vun
de Professeren vum Seminaire gehale goufen an déi folgend Iwwerschrëften
gedroen hunn: „Islam zu Lëtzebuerg“, „d’Bibel an den Koran“,
„wéi een als Chrëscht dem Islam begéint“, „Weltethos“ an „Chrëschtlech
Biller vum Islam“, sinn se opmierksam gemeet ginn, wie ët mam Islam hei
zu Lëtzebuerg steet. Ët woar e schéi gefëllte Programm, deen awer ganz
intressant fir eis Jonk Frënn woar.
Nët ze vergiessen d’Visite vum Centre Culturel Islamique vu Mamer. Do
hunn d’Seminaristen zesumme mat de Laientheologen an -theologinnen eng
ganz interessant Visite guidée erlieft. Fir e puer vun hinnen woar ët
och fir t’éischt, dass se e Fouss an eng Moschee gesat hunn. Ee grousse
Merci geet un d’Responsabel vum Centre Culturel Islamique zu Mamer, fir
hire léiwen an häerzlechen Empfang.
Während
dëser Septemberwoch krut eise Matbrudder, de Richer Romain, d’Admissio
vun eisem Här Äerzbëschof iwwerdroen, dëst an der Ofschlossmass vun
der Retraite vun de Paschtéier.
Um Sonndeg, dem letschten Dag vun der Septemberwoch, woaren
d’Seminaristen op Märel an d’Radiomass agelueden, fir do en
Temoignage ofzeleeën. No engem kuerzen Empfang no der Mass sinn se op
d‘Visite guidée vum ale jüdesche Kiierfecht a Clausen gefuer. Duerno
woar d’Mëttegiessen op der Fouer ugesot, nom Iessen e klengen
Spazeiergang bei schéinem Wieder duerch de Stater Park. An zum Ofschloss
d’Visite vun der Synagog, déi am Cader vun der „Journée européeene
de la culture juive“ op woar.
No all dëse schéine Momenter hunn sech eis Seminaristen äddi gesot a
sech geigensäiteg e gudde Start op deene verschiddene Studienplaze gewënscht,
éier se sech nees op den Heemwee gemeet hunn.
B.
C.

Priisterwei
vum Jeff Gilniat (4. Juli 2009)
De 4. Juli 2009 woar e wichtegt a grousst Ereegnes fir de Jeff Gilniat vun
Uewerkuer a fir d‘Lëtzebuerger Kierch: Am Nomëtteg gouf de Jeff an der
Kathedral zum Priister geweit. D’Seminaristen hunn sech duerfir zesumme
mam Weiekandidat um Virowend am Seminaire getraff, fiir sech am Gebiet
doropper virzebereeden. An dëser Gebietsstonn huet de Präses vum
Seminaire, den Här Georges Hellinghausen, eng Meditatioun iwwer d’Buch
„Diener eurer Freude“ vum Benedikt XVI. gehalen.
D’Wei selwer an der Kathedral woar een ergräifende Moment. An senger
Priedegt ass den Här Äerzbëschof Mgr. Fernand Franck op
d’Priisterjoer, dat de Poopst Benedikt XVI. zum Ulass vum 150.
Doudesdaag vum Curé d’Ars ausgeruff huet, agaangen: d’Beispill vum
Jean-Marie Vianney sollt de Jeff an senge pastoralen Aufgabe begleeden;
d’Liewe vum Geeschtleche soll am Geheimnis vum Kräiz d’Mënsche mat
Gott verbannen.
Nodeems den Hellegen Geescht ugeruff gouf an de Kandidat seng
Weieverspriechen ofgeluecht huet, huet den Här Äerzbëschof him d’Hänn
opgeluecht an esou geweit. Durno krut hien d’Hänn mat Chrisam gesaleft,
d’Gewand vum Priister ugedoen an aus den Hänn vum Bëschof de Kellech
mat Wäin an d’Schuel mam Brout iwwerreecht. Schléisslech huet den Äerzbëschof
an seng Assistenz him de Friddensgrouss ginn.
Um Unschloss un d’Eucharistiefeier woar eng Réceptioun am Seminaire,
wou den Neigeweite vill Gléckwënsch entgéinthuele konnt.
B.
C.


Sprangprozessioun
2009 zu Echternoach (02. Juni 2009)
Den 2. Juni 2009 hun
d'Seminaristen sech zesummen getraff, fiir un der Echternoacher
Sprangprozessioun deel ze hollen. Den Programm huet schon ganz fréi
muergens ungefaangen mat der Pontifikalkonzelebratioun an der Basilika, déi
vum Kardinol Joachim Meisner präsidéiert gouf. Direkt no dëser Mass,
dei och iwwer Radio iwwerdroen gouf, woar d'Usproch vun eisem Erzbëschof
Fernand Franck am Abteihaff, déi och den Optakt vun der Sprangprozessioun
woar. Mat den Wieder "In Dei nomine feliciter", goung d'Sprangen
lass. 12566 Pilger haaten sech dësst Joer anfond, fiir bei wonnerschéinem
Wieder bis bei d'Graaf vum Hellegen Willibrord ze sprangen. D'Seminaristen
hun sech och ënner dëss Pilger gemëscht, nëtt zu Schluss konnten se
och nach een mol, d'Prälaten an der Prozessioun begleeden.
Eis Seminaristen hun sech och gefreet, fiir Matbridder aus dem Seminaire
vun Lantershofen ze begréissen. Déi wollten sech daat nëtt ergoen
loossen, fiir dësst eenmoleg Prozessioun selwer ze erliewen. Noom
Oofschloss vun der Prozessioun an der Basilika, woaren eis Seminaristen härzlech
angelueden fiir am Dechenhaus um Mëttegdësch sech un engem excellenten Mëttegiessen
ze erfreen, éier den Daag zum Oofschloss koum. Dem Här Dechen Théophile
Walin een groussen Merci fiir dësst Anluedung.
Duerno hun eis Frënn sech op den Wee gemaach richtung Lëtzebuerg, Tréier
an Lantershofen fiir hiirem Studium respektiv Pastoralstaage nozegoen.
B.
C.

Oktav-Weekend
vun den Seminaristen (02. an 03. Mee 2009)
Dësst Joer, hun sech d’Seminaristen um Unfank vun der Oktav rendez-vous
ginn, fiir zesummen hiiren Oktav-Weekend ze verbréngen. Fiir den Optakt
vun dësem Zesummensinn, hun sie d’Expo “Glaubenssache” am Musée
d’Histoire de la Ville, besicht. Duerno hun se un der Eröffnungsandacht
vun der Muttergottesoktav 2009 deelgeholl, déi dëst Joer den Motto „Op
den Spueren vum Liewen“ dréit. Et woar eng ganz schéin Andacht, déi
vun eisem Här Äerzbëschof Fernand Franck, präsidéiert gouf.
D‘Muttergottesoktav ass jo nëtt nëmmen eng Traditioun, mee éischter
éng Identitéit vun der Lëtzebuerger Kiirch. Zesummen mat all deenen
aaneren Gleewen déi do zesummen kommen, verstinn d’Seminaristen sech
och als Kanner vun der Muttergottes.
En „Glécklechen Zoufall“ woar dann och, dass graad deen Weekend d‘
„Nuit des cathédrales“ sattfond huet. Dëst woar een Programm deen
wonnerbaar an den Programm vun den Seminaristen gepasst huet. No der Eröffnungsandacht
sinn se zesummen an d‘ Photo-Présentatioun vum Jean-Louis Gindt gaangen,
wou se sie an Form vun Fotoen, den Message vun den Chouerfënsteren vun
der Kathedral gewissen an erklärt kruuten. Unschléissen sinn se zesummen
een Tour iwwer den Märtchen gaangen, an hun sech fiir en gemittlecht
Owendiessen, an enger Budd anfond. Weider gung ëtt duero mam Programm vun
der Nuit des cathédrales. Den Pater Josy Birsens SJ, haat duerno eng
Visite-conférence gehaalen mam Thema: „Tëschend Renaissance a Spéitgotik;
Sträifzuch duerch di al Jesuitenkierch an de Kolléisch”.
D’Visiteuren kruuten een Anbléck iwwer déi verschidden Stiilepochen
vun den Baulechkeeten gewissen an erklärt, an kruuten dobäier
verschidden Informatiounen iwwer d’Jesuiten zu Lëtzebuerg an hiirem
Kolléisch matgedeelt. Een
„Dialogue des siècles“ stung duerno um Programm. Den Doumorganist
Paul Breisch huet zesummen mam Laurent Felten, déi zwou Kathédralsuergelen
op éng ganz speziell Aart an Weiss zum kléngen bruecht. Se hun
Uergelkompositiounen aus deenen verschiddenen Jorhonnerten gespillt, an
daat op deenen zwou verschidden Uergelen. Ëtt huet een richteg schéin héieren
wéi déi zwou Uergelen zesummen am Dialogue stungen. Den Ofschloss vun
deem Owend, woar en Spéctacle an der Kathédral, vum Countertenor
Roland Kunz,
deen den Titel: „Madonna mystica“ gedroen huet.
Den Daag duerno gung ëtt schon fréi lass. Vum Seminaire aus hun sie sech
op den Wee gemeet, an sin zu Fouss an d’Kathédral gepilgert. Ënnerwee
hun sie den Rousekranz fiir nei Priisterberuffungen gebiet. An der Kathédral
unkomm, hun sie un der Mass vum Pélé des Jeunes deelgeholl. No enger klénger
Stärkung um Parvis vun der Kathédral, hun sie sech dun op den Wee gemeet
Richtung Härebierg op Dikrech. Aus der Kapell vun der Kasär Grand-Duc
Jean, ass dësst Joer d’Mass vum éischten Oktavsonndeg iwwerdroen ginn.
D’Mass gouf vum Här Wenner Nicolas, dem Aumônier vun der Arméi
gehaalen. Do niirwt hun den Här Hellinghausen Georges an den Här Gilniat
Jeff him assistéiert. D’Mass gouf gestallt vun den Schüler vun der
Militärschoul, déi vun der Militärmusek begleet goufen. No dëser
wonnerschéiner gesongener Mass, woaren eis Seminaristen zesummen mat
hiirem Präses op d’Mëttegiessen invitéiert, wou sie sech iwwerzeegen
konnten dass ëtt um Härebierg eng excellent Kiichen gëtt déi een sech
nëtt dörf ergoen loossen. No dësem ereegnesräichem Weekend sinn
d’Seminaristen zereck op hiir Studienplaatzen gefuer fiir hiirem Studium
noozegoen, mee freen sech fiir an kuerzer Zäit, sech erëmm zesummen ze
fannen.
B.C.


Weihnachtstreffen
vun den Seminaristen zesummen mat den Laien-Theologinnen an Theologen
(22.
Dezember 2008)
En
Méindeg den 22. Dezember hun d’Seminaristen an d’Laientheologen sech
getraff, fiir zesummen en Daag an der Chrëschtzäit ze verbréngen. Dëst
Zesummenkommen ass schon eng Traditioun, an soll zum Kennenléiren an
Austausch beidroen.
Den
Daag huet Moies bei enger
Studienenheet mam Professer Emile Seiler ungefaangen. Do kruuten mer en
Iwwerbléck iwwer séng Forschungen zur Ierchternacher Sprangprozessioun
duergeluecht. Matt enger gelongener Powerpoint-Presentatioun huet hien eis
Erklärungen iwwer d’Sprangprozessioun ginn. Vum Ursprong deen nach nëtt
ganz geklärt ass, iwwer d’Situatioun während Kricher bis zur
Sprangprozessioun vun Haut, huet den Här Seiler eis duerch gesammelter
Literatur an Archiven gewisen an erklärt. Eng akribesch Aarbecht déi zu
énger Liewensaufgab gouf an nach nëtt ooffgeschloss ass, an awer schon
een räichen Iwwerbleck ob dëss Weltbekannten Prozessioun weist. No dësem
interessanten Viirtraag, deen hongrech gemeet huet goufen mer mat engem
gudden Mëttegiessen beschenkt wou iwwedeems weiderhin iwwer
d’Sprangprozessioun bzw. Zündschnouer discouteiert gouff.
Gudd
gestärkt hun mer eis am Noomëtteg zu Fouss op eisen externen Rendevous
gemeet, bis op d’Dräi Eechelen. Do goufen mer vum Prof. Patrick
Dondelinger begreisst, an kruuten do en Anbleck op die frèier an zukünftlech
Zwecker vun dem Festungsdeel Dräi Eechelen deen en Kaatzesprong vum
Seminaire ass. Dëst Gebäi daat jidereen kennt, an och als Fort Thüngen
bekannt ass woar en Deel vun der Festung Lëtzebuerg. Dëss aal Gemeier
sinn zu Deels teschend 1997 an 2007 restauréiert gin, an goufen als Musée
aménagéiert. Well awer nach keng Austellung an dësem Musée, deen säit
2007 Musée Dräi Eechelen -
Histoire, Forteresse et Identité heescht, ze bewonneren ass, kruuten mer
duerch den Professer Dondelinger en Anbléck op, an an d’Festung Lëtzebuerg.
Ganz intressant ass d’Geschicht vun dësem Fort, an och ganz
intressantes wärt séng Zukunft mat sech bréngen. Schon alleng wéinst
dem historeschen Bau, ass ëtt derwärt den Musée mat oder ouni Exponaten
ze besichtegen. D’Visite, hun mer op der Plaatz selwer mat enger Taass
Kaffi en engem Steck Stollen ofgeschloss.
Um
Owend huet den Här Erzbëschof zesummen mat der Hausleedung vum Seminaire
an den Heemechts-Paschteier vun den Seminaristen den Hären Weirich Théophile,
Sibenaler Robert an Pündel Marcel eng Mass zum Offschloss vun dësem Daag
gefeiert. An dëser Massfeier huet den Här Erzbëschof den Seminaristen
Richer Romain, Bremer Charles, Monteiro Ricardo den Lektorat an dem Richer
Romain och den Akolythat erdeelt. Dëss Erdeelungen oder Beobtraagungen
sinn an der Priisterausbildung fiirgesinn an sollen dem Lektor erméiglechen
dem Volek d’Hellëg Schrëfft viirzeleen, an dem Akolyth dem
Geeschtlechen an der Liturgie ze hëllefen.
No
dëser schéiner Mass hun mer eis ronderëmm dem Dësch matt eisen Gäscht
an matt der Kënschlerin Ger Mas an hiirem Mann zesummen fond, fiir bei
engem gudden Iessen den Daag ooffzeschleissen. Duerbäi kruuten mer
d’Meiglechkeet eis mat der Madame Mas auszetauschen dären
Konschtwiirker säit kuerzem den Seminaire verschéineren. Nodeems mer vun
der Kichen verwind goufen, sinn mer all matt Wënsch fiir déi kommend
Feierdeeg an fiir daat neit Joer Heem gaangen, an konnten eis
wuelverdingten Chrëschtvakanz unfänken.
B.C.

Diakonatswei
2008
E
Samsdeg, den 20. Dezember 2008 gouf de Seminarist Jeff Gilniat an der
Kathedral zum Diakon geweiht.
++ Artikel aus dem Wort
++
Septemberwoch
2008
(rgr)
Wéi all Joer hun sech d’Seminaristen an der éischter Septemberwoch am
Seminaire afonnt, fir do zesummen mam Här Präses Georges Hellinghausen
eng flott kulturell a spirituell Zäit ze verbréngen. D’September-Begéignungswoch
stoung dëst Joer ënnert dem Zeechen vum hl. Willibrord. Nodeems d’ganz
Equipe mëttwochs ukomm wor, hun mer fir d’éischt eis Erfahrungen, déi
mer iwwert d’Vakanz gemeet hun, ausgetosch, fir dann en interessanten
Abléck an d’Liewen a Wierken vum hl. Willibrord, d’Entstehung vun der
Abtei an d’Sprangprozessioun ze kréien. De Referent vun dësem Virtrag
wor den Här Präses. D’Mass hu mer gefeiert mam Neipriister Abbé
Daniel Graul an no engem gudden Owesiessen hu mer eis zesummen de Film „Willibrord
und Echternach“ ugekuckt. Den éischten Dag ass ofgeschloss gin mat
enger Tournee iwwert d’Fouer. Den zweeten Dag goung et dann direkt op
Iechternoach, wou mer eis mat de Lëtzebuerger Laientheologe getraff hun,
fir gemeinsam en Dag ze verbréngen. No der Besichtegung vun der Basilika
an der schéi restauréierter Poarkiirch hu mer eis op d’Mass an der
Krypta um Graf vum hl. Willibrord virbereed. No eisem Picknick wor eng Féierung
duerch den Abteimusee ugesot, ënnert der Leedung vum Här Prof. Pierre
Kauthen. Den Här Kauthen huet eis op eng interessant Art a Weis en Abléck
an déi verschidde Schrëftwierker, déi zu Iechternoach entstaan sin,
ginn. Mir krute genau erkläert wéi d’Skripter, z.B. de Codex Aureus
Epternacensis, entstan sinn. Och d’Entstehungsgeschicht vun der Abtei
krute mer erklärt. No engem klenge Spadséiergang duerch d’Klouschtergäert
bei d’Orangerie si mer dann op Ernzen gefuer, wou mir vun der
Libori-Kapell e schéine Bléck erliewen konnten. No der Vesper hun mer
den Dag da bei „Kaffee und Kuchen“ ausklénge gelooss.
Freides moies hu mer dem Här Prof. Tom Osborne gehollef d’Bibliothéik
nei anzeriichten, duerno hun mer zesumme mam Här Erzbëschof an de
Priister, déi an dëser Woch hir Retraite haten, d’Mass gefeiert. Nom Mëttegiessen
hun mer den Abbé Joël Santer getraff, deen eis d’Kiirch zu Bëschdref
gewisen huet. No der Visite vun dëser Kiirch mat hiren, ënnert aanerem,
interessanten Tableauen, huet den Abbé Santer eis de Wee op den
Helperknapp gewisen. Am 8. Jht. soll um Helpert den hl. Willibrord eng
Waasserquell geseent hun an duerch des Quell soll de Charel de Grousse vu
sengem Féiwer geheelt gi sinn! Nierwt dem Willibrordsbuer steet eng
wonnerschéin Hl.-Johannes-Kapell, e Schmuckstéck. Et lount sech dohin
eng Wallfahrt ze maachen!
Um zweetleschten Dag hu mer moies rem an der Bibliothéik gehollef an nomëttes,
nodeems mer d’Radiosmass virbereed haten, huet eis de Jeff Gilniat seng
Ofschlossaarbecht („Dieu bénit! Présentation de la notion de bénédiction,
qui est d’abord théologique.“) virgestalt, eng Aarbecht déi sech
lount se ze liesen! Den Här Präses huet uschléissend der Équipe déi
nei Sammlung u Biller (en Don vun dräi bekannte Lëtzebuerger Kënschtlerinnen)
presentéiert. Eng wonnerbar Sammlung, déi de Centre Jean XXIII. nach méi
verschéinert. Owes hu mer d’Mass mat eisem neie Pater Spiritual, dem
Pater Josy Birsens, gefeiert.
Um Sonndeg hate mer déi grouss Éier den DNR bei eis ze empfänken. Dëst
Joër gouf d’Radiosmass, an där d’Seminaristen e Temoignage a Form
vun e puer Wieder ofleen, direkt aus dem Centre Jean XXIII. iwerdroen. Mee
domat nët genug: des Mass gouf musikalesch begleed vum Ensemble „Ad cor
altum“, ënnert der Leedung vum Paul Breisch. Gregorianesche Gesang vum
Feinsten! No der Mass gouf et dann d’Méiglechkeet fir en Austausch mat
de Sänger!
No enger Gebiedsstonn an dem Mëttegiessen wor d’Woch fir
d’Seminariste fäerdeg a jidfereen ass rem, gestärkt duerch d’Gebied
an d’Konscht, sengem Wee an senger Aarbecht nogaangen.
Priesterwei 2008
E
Samsdeg de 5. Juli ass den Diakon Damiel Graul vu Féngeg an der Kathedral
vu Lëtzebuerg vum Msgr. Fernand Franck zum Priester geweiht ginn. Hie
wäert vum Hierscht 2008 un als Kaploun am Parverband Ettelbréck schaffen.
Aweiung vun der
Bibliothéik vum Bëschof Laurent
En
Donneschdeg de 27. Dezember 2007 gouf am Centre Jean XXIII d'Bibliothéik
vum Bëschof Laurent ageweit. Des privat Bichersammlung ass eng Schenkung
vun de Schwësteren "Vom Armen Kinde Jesu" vu Simpelveld an
Holland un de Lëtzebuerger Seminaire. De Bëschof Jean-Théodore Laurent
war vun 1842 bis 1848 Apostolesche Vikar vu Lëtzebuerg. Zu där Zäit
huet hien och de Lëtzebuerger Seminaire gegrëndt, bis datt en sech
duerno op Oochen a schliesslech op Simpelveld zeréckgezunn huet.
Diakonewei
2007
E
Samschdeg, den 22. Dezember huet den Äerzbëschof Mgr. Fernand Franck an
der Kathedral vu Lëtzebuerg den Daniel Graul zum Diakon geweit.
Septemberwoch
2006
(mg) Comme chaque année, nous nous sommes
retrouvés, séminaristes du diocèse de
Luxembourg, au séminaire, en septembre, pour
passer quelques jours ensemble, échanger nos
expériences faites pendant l'année
universitaire à l'étranger et jouir d'unités
de formation. Ce séjour peut être qualifié de
très réussi. Tout d'abord, parce que nous étions
gâtés en beau temps. Alors que presque tout le
mois d'août fut traversé d'orages, le mois de
septembre nous ramena le soleil avec ses
attraits estivaux. Cela se prêtait bien pour
les journées dédiées à des visites
culturelles et l'excursion sur les traces de la
dévotion mariale ainsi que de l'Octave outre
les frontières du Luxembourg actuel. Il est
vrai que notre semaine était bien organisée et
que, plaçée sous le titre "l'Octave comme
défi", elle comportait également des démarches
exploratrices autres que l'exposé et la lecture.
Notre
rencontre peut être présentée sous cinq
points forts: a) la célébration de la messe et
la vie communautaire, b) les visites guidées
dans la cathédrale et la chapelle du Glacis
avec pour but de nous familiariser avec l'évolution
de la dévotion à la sainte Vierge comme
consolatrice des affligés au coeur même de
notre capitale et donc de notre pays, c) les
exposés sur l'Octave remontant à un recyclage
proposé au clergé luxembourgeois pendant l'année
2005-2006 et édités dans les "Clairefontainer
Studien". Ces exposés se distinguaient par
leur varité de sujets et d'approches. Ensemble,
les conférenciers cherchaient à couvrir le
champ d'accès le plus vaste à l'Octave et de
thématiser son statut de nos jours, ses défis
et ses perspectives. Ainsi faut-il relever le
caractère de sérieuse réflexion propre à
vraiment chacune des unités de formation. Du
volet biblique à celui de la littérature au
sens large du terme, du volet de l'histoire de
notre pays à celui de l'influence des Jésuites
pour l'Octave, des réflexions mariologiques
jusqu'à celles sur l'art chrétien, tout
servait à mettre en lumière la piété autour
de la Consolatrix Afflictorum et à entrer en
dialogue, d) l'excursion à Avioth, Orval,
Mouzon, Torgny et la joie d'être "en équipe".
Cela faisait du bien de quitter pour un peu le séminaire
et de se lancer sur les pas d'autant de pélerins
fidèles à Marie. Bonheur et spiritualité
faisaient route avec nous. Et puis Mouzon, une
petite ville fleurissante avec une église très
attrayante, Orval et ses lieux témoins de siècles
d'histoire, sa vie contemplative et finalement
sa bière savoureuse. dont nous ne nous privions
pas, e) la rencontre avec nos frères et soeurs
laïques qui font des études en théologie. Ici,
il convient de mettre en relief surtout la bonne
entente qui nous réunissait. Avec eux, nous
avons visité le nouveau musé d'art
contemporain (MUDAM). Notre guide était
excellente. Finalement cette journée et encore
toute la semaine de septembre s'achevèrent avec
la célébration de la messe, au cours de
laquelle Jeff Gilniat reçut le lectorat et
l'acolythat. Un moment de vive prière, festif
et encourageant. Engagés sur les voies du
Seigneur, nous lui remercions donc pour tous ses
bienfaits.
"Weihnachtstreffen"
2005
De
27.12.05 sin d'Seminariste mat de Laientheologen
zesumme komm fir e Studiendag zum Thema "Missioun".
Um Programm stoungen eng Visite guidée am
China-Missiounsmusee vun de Franziskanerinnen am
Mutterhaus um Belair an e Besuch am neie Centre
"Missio" um Bvd. Joseph II. Eng
Eucharistiefeier mam Här Äerzbëschof mat
uschléissendem Owendiessen hun den Dag
ofgerënnt.

Septemberwoch
2005
Dëst
Joer waren d'Seminaristen am Kader vun hirer
Septemberwoch e puer Deeg op Wien. Hei e puer
Fottoe vun der Lektorats- an Akolythatsfeier um
Uschloss un d'Wien-Rees (fir ze vergréisseren
drop klicken!):

Ordination
presbytériale 2005: Luc Schreiner
(jg)
Ce samedi 2 juillet, le diocèse du Luxembourg
connaît un moment fort, il s'agit de
l'ordination du jeune diacre Luc Schreiner qui
sera désormais prêtre dans l'Église. Moment
d'espérance, de foi et de festivité. À 15.00
heures de l'après-midi, en la cathédrale
Notre-Dame Consolatrice des Affligés, Luc
Schreiner se tient prêt pour recevoir de
l'archevêque du Luxembourg, monseigneur Fernand
Franck, le sacrement presbytéral. La liturgie
prévoit pour ainsi dire six actes: l'ouverture;
la liturgie de la Parole; la liturgie d'élévation
au sacerdoce qui s'articule en neuf étapes--invocation
du saint Esprit, voeux du candidat, litanie,
imposition des mains, prise des parements,
onction des mains, transmission du pain et du
vin, accolade, chant de grâce--célébration de
l'eucharistie, communion et envoi. Les personnes
qui ont accompagné le nouveau prêtre au cours
de ses années de formation avec leur
bienveillance et leurs conseils judicieux, le président
du séminaire Georges Hellinghausen, le père
spirituel Jacques de l'arbre, les curés des
paroisses de "provenance", le supérieur
bénédictin de l'abbaye de Clairvaux et ses
parents ont assisté à cet important événement
dans la joie. La chorale, avec aux orgues le maître
organiste Carlo Hommel, a assuré l'encadrement
musical, quelques importants chants liturgiques
ont été interprétés par Monsieur Osborn, qui
enseigne notamment l'exégèse au Centre Jean
XXlll.
Pour
employer quelque litote, on dira que la cérémonie
n'a pas été dépourvue d'émotions.
Monseigneur Fernand Franck a chaleureusement
accueilli le nouveau prêtre avec des gestes
paternels et Luc Schreiner lui-même a senti
l'importance de cet instant qui signifie un achèvement
et un commencement, l'accomplissement d'une
carrière académique et l'aube d'un engagement
tellement nécessaire au sein de l'Église, avec
la force du saint Esprit et dans l'optique de
l'Évangile.
Les séminaristes qui l'ont accompagné sur une
partie de son chemin au sacerdoce sont
convaincus du bon pas que prendra son ministère
et lui souhaitent le mieux pour la suite.
"In nomine feliciter", tel est le mot
choisi de Luc Schreiner. Que cette parole trouve
sa pleine réalisation au cours de son
ministère.
Photos
de l'ordination (pour agrandir, cliquer dessus!):

Photos
de la Fête à l'occasion de la Première Messe
à Dommeldingen/Weimerskirch (pour agrandir,
cliquer dessus!):

©
Wort & to
Diakonenweihe
2004
(to/
cathol.lu) In Anwesenheit zahlreicher Priester
und Laien, darunter vieler aus dem Familien-,
Freundes- und Bekanntenkreis des
Weihekandidaten, hat Erzbischof Fernand Franck
am Samstag, den 18. Dezember 2004, in der
Kathedrale von Luxemburg den Seminaristen Luc
Schreiner aus Dommeldingen zum Diakon geweiht.
Ausgehend
von den biblischen Lesungen zum vierten
Adventssonntag sowie von der Erinnerung an die
Ardennenoffensive, ging Erzbischof Franck in
seiner Predigt unter anderem auf das Motiv der
Heimat ein. Zum Auftrag des Diakons gehöre es
auch, den Menschen ein Stück Heimat zu bieten,
in erster Linie den sozial Benachteiligten. Der
Diakon müsse ein Mensch sein, dem das Anliegen
des Volkes nicht gleichgültig sein dürfe. Es
gelte, in allen Situationen einen Gott zu verkünden,
der ein Freund des Lebens ist (vgl. Weish
11,24).
Die
musikalische Gestaltung lag in den Händen vom
Domorganisten Carlo Hommel und Pfarrer Joël
Santer. Auf Wunsch des Weihekandidaten sang
Carlo Hommel unter anderem die gregorianischen
Gesänge zum vierten Adventssonntag, während
Pfarrer Joel Santer die Volksgesänge animierte.
Von
Februar bis Juli 2005 wird Luc Schreiner nun als
Diakon im Pfarrverband Grevenmacher tätig sein.
Aufgabe des Diakons (griechisch :
"Diener") ist es, dem Priester bei
seiner Arbeit zu "helfen". Der
Schwerpunkt liegt dabei oft im sozialen Bereich.

«
Septemberwoch 2004 »
(jg) Si nous sommes éparpillés en Europe
pendant l'année universitaire, an mois de
septembre nous nous retrouvons en tant que séminaristes
du diocèse de Luxembourg réunis au Centre Jean
XXIII où nous passons quelques jours ensemble.
Le programme prévu pour ce temps de collégialité
est assez diversifié et connaît des moments de
partages, des heures de prière - laudes, messe,
vêpres -, des exposés ainsi que des excursions.
Il faut dire que le temps est assez bien aéré
et structuré.
Cet été, la semaine fût placée thématiquement
sons le signe de la formation du diocèse du
Luxembourg, éclairage historique qui n’est
pas sans valeur pour l’avenir. Le président
du séminaire Georges Hellinghausen sût évoquer,
au cours de trois séances, ce long processus nécessaire
à la constitution d'une Eglise locale du
Luxembourg, cette fermentation qui, dans
l'Histoire, remonte aux portes des temps
modernes avec l'hégémonie de la maison de
Bourgogne, qui progresse difficilement dans un
jeu de plaidoyers et de résistances - surtout
les évêques de Trèves et de Liège tiennent tête
à ce projet d'un évêché du Luxembourg - et,
paradoxalement, sera favorisée au moment de la
Révolution française qui, dans ses forces
bouleversantes, décide aussi du sort du « Département
des forêts ». Vient alors la période de Metz
au cours de laquelle le Luxembourg se voit doté
d’un vicaire général, de Neunhauser ;
ensuite 1'étape du Congrès de Vienne et d'une
province luxembourgeoise en union personnelle
avec l’Hollande - le roi Guillaume 1er est le
chef du pays - et placée sous la responsabilité
de l'évêché de Namur. La révolution belge en
1830 avec ses désordres et la capitale du
Luxembourg établie vicariat apostolique (Van
der Noot, premier vicaire apostolique ), l'année
1840 et la création d'un vicariat apostolique
à envergure nationale (figure de proue, J. Th.
Laurent), enfin l'année 1870 et le Luxembourg
fait évêché (premier évêque du pays en la
personne de Nikolaus Adames). Pour conclure ce
long itinéraire vers l’unité ecclésiastique,
l’année 1988 voit encore la création de
1'archevêché du Luxembourg (Mgr. Hengen,
archevêque). Ainsi nous fîmes le tour de la
question, prêtant aussi quelques considérations
à la marche politique de la créationn d’un
Etat du Luxembourg.
Parmi les points forts de la semaine il faut
compter la rencontre avec Theo Péporté jeudi
soir. Le concept pour une campagne 2004-2005
ayant pour but de renseigner les Luxembourgeois
sur les possibilités de formation offertes an
Centre Jean XXIII nous fût présenté. Il
s'agit de réaffirmer la présence des deux
voies professionnelles qui sont celles du
sacerdoce et de la catéchèse, de revaloriser
celles-ci à 1'aide d'un matériel documentaire.
Il convient de surmonter un certain mutisme.
L'année 2005 aura pour sommet les JMJ, cette
rencontre des jeunes chrétiens de tous les
continents qui se fera an mois d'août à
Cologne. Ce rendez-vous concerne évidemment le
Luxembourg qui est diocèse d'accueil. Vendredi
matin, le prêtre Edmond Ries nous parlait des
efforts déjà effectués tout comme des travaux
encore à faire. Il souligna surtout
l'importance de la communication. Dans la
pastorale des jeunes, tout comme dans la
pastorale en général, le rapport
interpersonnel direct est indispensable. Le face
à face est un principe vital dans
1'organisation d'événements collectifs. Le prêtre
Edmond Ries, dans son naturel jovial et son
enthousiasme, ne manqua pas de nous transmettre
l'esprit des JMJ.
Vendredi après-midi, une visite fût prévue au
Musée National au Fischmarkt. Ensemble avec les
étudiants en théologie, nous primes part à
une visite guidée du musée, découvrant les
trouvailles de l’archéologie qui y sont exposées.
En somme, ça vaut le détour. Comme il y a
beaucoup de chambres et d'étages reliés par
une rampe impressionnante, il n'est pas inutile
de prévoir plus d’une heure pour la visite.
Si une panne d’ascenseur de quelques minutes
vient à s’ajouter, alors il est bon d'avoir
du temps en réserve. Après la visite au musée,
une bonne glace prise en ville nous réjouit. Le
soir, après le repas au séminaire, nous eûmes
l’occasion de visiter l’ALUC, puis d'aller
ensemble à la «Schueberfouer».
Le samedi commença tôt le matin avec la messe
suivie du petit déjeuner au palais épiscopal.
C’est le traditionnel rendez-vous des séminaristes
avec Mgr. Fernand Franck, rendez-vous auquel
nous n’aimerions pas renoncer. Le soir du même
jour, nous vîmes un film de Jean Bernand: «Mat
Läif a Séil am Seminaire.»
Dimanche, dernière journée, excursion dans le
nord du pays, messe à Boevange (Clervaux) avec
un témoignage des séminaristes. Particulièrement
aimable fut l’accueil à la mairie donné par
Madame la Bourgmestre de Wintger, Agni Durdu.
L’entretien tout comme le café furent de
beaux gestes d’hospitalité. L’après-midi,
pour clore en toute cohérence le discours sur
la création du diocèse du Luxembourg, nous allâmes
encore à Troisvierges (buste à la mémoire de
Mgr. Adames) et à Marnach (plaque commémorative
de Mgr. Laurent). A Troisvierges, nous fûmes
gentiment reçus par les curés Deischter et
Meyer.
Que
faut-il dire, sinon que les jours de ce début
du mois de septembre furent très réussis.
Merci à ceux qui surtout furent occupés à
l’organisation de ce temps, au président tout
comme au directeur spirituel du séminaire;
merci aussi à la cuisine.
"Baustelle
Priesterseminar"
(LuSc)
... mat dese Wierder stellt de Präses vum Tréierer
Seminaire emmer nees d’Neierungen an der
Ausbildung vun den zukünftege Geeschtlech a
sengem Bistum vir. E Schantjhen, wou geschafft
gett, wou opgerappt an an d’Zukunft investéiert
gett. Ma bei ons hei zu Letzebuerg ass
d’„Baustelle Priesterseminar“ vill méi
reell: mat Erausrappen an Neimaachen, mat Kaméidi
a Stëps. Onst „Stammhaus“ um „Olymp“
ass fir de Moment e grousse Schantjhen. Di
teschnesch Installatiounen, déi nach aus der
„Gründerzäit“ Ufanks de 70er Joren vum
leschte Jorhonnert staamen, kréien hieren
aggiornamento. Si ginn erneiert, den Normen an
de Sëcherheetsstandarden vun onser Zäit
ugepasst.
Fir d’éischt gouf am Deel bei de
Seminaristen- a Friemenzëmmeren ugefaang. Di
falsch Plafongen erausgehait; eng nei elektresch
Installatioun mat bestemmt Kilometere vu Kabelen;
eng nei „Brandmeldezentrale“ mat
Feierdetecteuren an all Zëmmer (elo musse mir
bei onse Wäihraachstester besser oppassen!);
nei Luuchten a Steckeren (a verschidden Zëmmeren
haat esou guer nach deen éischten Neonstube bis
elo duergehaal - dixit Madame l’économe);
neit Geliichts op de Gäng, daat vum selwen
ugeet, wann ee laanscht kennt; Feierschutzdieren
fir di eenzel Deeler ofzetrennen; en neie Look
fir ons Salle de Séjour (ewell „Salon vert“)
an d’Schoulsäll; eng handikapéierte-gerecht
Toilette; zwee nei Lifter plus ee Monte-charge
vun der Kiichen an de klenge Réfectoire; alles
dat a bestëmmt nach munches, waat ech hei
vergiess hun opzezielen, steet um Plang vun der
Verjüngungskur vum Centre Jean XXIII.
Mat vill Asaz vun de Responsabelen aus dem
Bauteministère, den Handwierker an Aarbechter
an onsem Mann fir all Fäll, dem Theo Wagner, wäert
fir d’Fest vum hellege Jousef den éischten
Deel vum Schantjhen fäerdeg ginn. Alle
Bedeelegten schons elo e grousse Merci a „Vergelt’s
Gott“! A wann et dann di nächst Woch an engem
aaneren Eck vum Haus weidergeet, wënsche mir
hinnen all op d’Gebied vum hellegen
Handwierker Jousef Gottes Seege bei hierem
Schaffen, datt et weider esou virugeet an
d’„Baustelle Priesterseminar“ weider ouni
Aarbechtsaccident bleiwt.
Mit
Jesus in der Wüste - Jahresexerzitien 2004
(sa)
In der Woche vom 22. – 28. Februar zog es uns
in unsere alljährliche Exerzitien, und dieses
Mal verschlug es uns in die „Abbaye
cistercienne Notre-Dame de Clairefontaine“ ins
belgische Cordemois, in der Nähe von Bouillon.
Dieses Jahr waren es Einzelexerzitien, das heißt,
dass jeder sein spirituelles Programm selbst
gestalten musste, und man sich täglich mit dem
Pater Spiritual des Seminars über die erlangten
Früchte und Gnaden des vorhergegangenen
Gebetstages austauschte. Jesus hat uns dazu
eingeladen ihm zu folgen, nun ging es darum
unser letztes spirituelles Jahr Revue passieren
zu lassen, unsere neuen Erkenntnisse
aufzuarbeiten, um uns immer wieder neu in seiner
Nachfolge zu engagieren. Wichtig war es vor
allem, dass jeder seinen persönlichen Schritt
macht und sich persönlich mit seiner eigenen
Berufung des „Christseins“ auseinandersetzt.
Neben dem persönlichen Gebet hat die Kommunität
auch am Gebetsprogramm des Klosters
teilgenommen, und gemeinsam mit den Schwestern
wurden die Laudes, die Vesper und die Komplet
gesungen. Am Morgen feierten wir auch gemeinsam
die heilige Eucharistie mit den Schwestern.
Der
Höhepunkt dieser Exerzitien war wohl der
Aschermittwoch, mit dem wir gemeinsam die
Fastenzeit, eine Zeit der Bekehrung, begonnen
haben. Indem wir diesen Tag gemeinsam begingen,
fiel keinem das gebotene Fasten schwer und indem
wir die Heilige Eucharistie feierten wurden wir
daran erinnert, dass auch wir nicht ohne Fehler
sind, und ein jeder von uns noch einen mehr oder
weniger weiten Weg vor sich hat, auf dem er sich
noch oft bekehren muss, und auf dem ein jeder
noch einiges immer wieder verändern muss, damit
er würdig bleibt, dem Herrn zu dienen. Natürlich
haben wir nicht nur unser spirituelles Mahl zu
uns genommen, sondern die Schwestern haben uns
auch auf kulinarischer Ebene verwöhnt, so dass
es uns an nichts mangelte. Den Tag schlossen wir
immer mit einer gemeinsamen Anbetung ab, in
welcher jeder in der Stille dem Herrn begegnen
konnte, ihm seine Bitten, seine Anliegen, aber
auch sein Leid, seine Ängste oder seine Fragen
vorbringen konnte.
Sicherlich
hat ein jeder seine eigene Gotteserfahrung in
den Exerzitien gemacht und jeder ging wieder mit
neuer Glaubenskraft und neuen Erkenntnissen in
den Alltag zurück. Auf diesem Weg wollen wir
uns auch bei jedem bedanken, der für uns während
den Exerzitien oder auch sonst mit seinen
Gebeten begleitet, denn es beruhigt uns alle
sehr, dass wir auf unserem Weg nicht alleine
gelassen werden und es ist uns wirklich eine
sehr große Unterstützung. Möge Gott Sie alle
segnen und schützen.
Zu
Besuch in der Pfarrei Remich (22.3.04)
(sa)
Bevor wir Seminaristen uns in unsere alljährlichen
Exerzitien begaben, trafen wir uns noch in
Remich um die dortige Pfarrei kennen zu lernen.
Wir begannen den Tag mit der heiligen Messe, die
zu Ehren des heiligen Kunnibert gefeiert wurde.
Anschließend gingen wir gemeinsam zum Aperitif,
wo auch ein Gespräch mit dem Pfarrrat über die
Priesterausbildung und über das Priestertum überhaupt
angesetzt war. Einige Fragen waren sehr
interessant und sehr anregend: Was ist ein
moderner Priester? Was können wir für unsere
Seminaristen und für den Priesternachwuchs tun?
Was soll der nächste Papst ändern?
Wir
möchten uns ganz herzlich beim Pfarrrat von
Remich bedanken, für den freundlichen Empfang,
den sie uns bereitet haben, besonders auch beim
Herrn Dechanten, der uns auch sehr liebevoll
aufgenommen hat. Wir hoffen eine solche
Begegnung wiederholen zu können und wir würden
uns auf ein Wiedersehen freuen.
"Weihnachtstreffen"
2003
(to)
Dat traditionellt "Weihnachtstreffen"
vun de Seminaristen an denen aneren
Theologiestudenten huet dëst Joer scho viru Chrëschtdag,
nämlech den 22. Dezember 2003, stattfonnt a war
fir eis all e flotten Dag. Nodeems et moies
ugaangen ass mat Réckléck, Ausbléck an
Organisatoreschem, huet den Här Prof. Schmitt
eis e puer kostbar Schätz aus der réserve précieuse
vum Seminaire gewisen, vun dene mer bis dohin näischt
wossten. Nom Mëttegiesse stoungen zwee
intressant Kiirchebesich mam Prof. Schmitt zu
Esch-Uelzecht um Programm. An der Dekanatskierch
St. Joseph, enger vun deene monumentalsten
neogotesche Kiirchen aus eisem Land, där hir
Wandmolereien vum Kiirchemoler J. Schneider bei
der gelongener Restauréierung am Joer 2002 nees
fräigeluecht goufen, si mer vum Kaploun Tom
Kerger empfaange gin. Duerno huet eis de
Paschtouer Eugène Kellner mat vill Freed a
"senger" Kiirch St. Henri erwaart, déi
ënnert senger Leedung am Joer 1964 bannendra
mat enger vum Elmar Hillebrand konzipéierter a
geschafener figureräicher Ausstattung déifgräifend
am Sënn vun enger erneierter Liturgie verännert
gouf an doduerch zu engem fir Lëtzebuerg
eemolege Kiirchemonument gin ass. No enger Taass
Kaffi an engem Stéck Kuch an der "Porte
Ouverte", déi zur Par gehéiert, goung et
nees zréck an de Seminaire op de Weimeschhaff.
D'gemeinsam
Eucharistiefeier zum Ofschloss (déi dest Joer
krankheetshalber net vum Bëschof konnt gehale
gin) souwéi och déi Minutte virdrun an duerno
ware fir eis mat e bësse méi Opreegung a
manner Andacht wéi soss verbonnen, war dach e
Kamerateam vun Tango-TV bei eis komm, fir dat
Ganzt ze filmen. Mir sin all gespaant op
d'Reportage am Kader vun der Emissioun "26
Minutten", déi iergendwann um Ufank vum
neie Joer ausgestrahlt wäert gin.
Rentrée
2003 am Lëtzebuerger Seminaire –
Septemberwoch « light »
(LuSc)
Während der zwee vun ons déi Säit vun den
Alpe fläisseg amgaang sinn, Italienesch ze léieren,
huet sech de Rescht vun de Lëtzebuerger
Seminaristen vum 5. bis den 8. September am
Stammhaus zu enger ofgespecktener Septemberwoch
getrafft. Light-Versioun, well zwee anerer an
engem Intensivcours Latäin nomaachen. Ganz frou
wore mir, fir en neit Gesiicht an onser Mëtt ze
begréissen. Ee jonke Mënsch vun Diddeléng
mecht sech mat ons op de Wee. Wa Féngeg zum
Minett gehéiert – fir d’Äntwert op des Fro
huet leider keen am Seminaire déi néideg
Fachkompetenz –, dann
ass den Auteur vun desen Zeilen deen
eenzegen, deen net aus dem Land vum roude Bueden
kënnt.
Ier
onsen Neipriester Denis Wellisch donneschdes
owes d’Helleg-Geescht-Mass vun der Rentrée
gefeiert huet, wore mir bei ons Nopeschen,
d’Schwëstere vu Sainte-Sophie, op Besuch. Do
hunn d’Schwësteren ons aus dem Liewen an der
Geschicht vun hirem Uerden verzielt, e puer Schätz
gewisen an hir Schoule virgestallt. Duerno hu
mir ons zu Fouss duerch d’Stad op d’Spuere
vun dëser Kongregatioun gemaach, déi bal onënnerbrach
zënter 1627 zu Lëtzebuerg am Schoulsecteur
wierkt.
De
Freideg muergen wor méi dem Gebied
gewidmet. No der Laudes, der Feier vum
Muergesgebied vun der Kierch, huet de Pater
Spiritual ons e puer Gedanken zum Thema
Beruffung mat op de Wee gin, fir eis Spiritualitéit
ze nieren. Um 11 Auer koume mir mam H. H. Erzbëschof,
mam H. H. Weihbeschof vu Lausanne an de
Geeschtleche vun der Retraite fir d’Mass
zesummen. „No der Gnod kënnt de Brot“, oder
fir ons Latinisten: „De missa ad mensam“,
dat war d’Thema fir dat nächst Evenement
zesumme mat de Geeschtlech, déi duerno an hir
Poren opgebrach sinn. Nomëttes goung et nees op
den Tour. Fir d’éischt eng Visite guidée am
Château de Malbrouck zu Manderen, hei vir am
Frankräich. Duerno, passend zum Joer vum
Rousekranz, de Besuch vun der Kapell vu
Marienfloss zu Sierck-les-Bains. Vum Karthäuserklouschter
aus, wat hei stoung, huet sech am Mëttelalter
d’Rousekranzgebied entwéckelt an sech an der
Welt verbreet. Wéi hätte mir et aneschters kënne
maache wéi grad hei de Rousekranz ze bieden. Am
Gebied hu mir ons Zwillingen zu Roum, déi zwee
Matbridder, déi am Laf vum leschte Joer am
Seminaire opgehalen hunn, an och d’Suerg em
d’geeschtlech Beruffer der Muttergottes un
d’Häerz geluecht.
Mat
enger anerer Motivatioun si mir samschdes
muerges op Tour gewiescht. An hirem Atelier zu
Diddeléng huet d’Restauratrice Muriel Prieur
ons sensibiliséiert fir richteg mat de
Konschtwierker emzegoen, déi mir spéider an
onse Poren hu wäerten. Si huet ons hir Aarbecht
an hir Methode virgestallt. Ganz intressant
woren hir Ausféierungen iwert
d’konschtgeschichtlech Originen vum Gnodebild
vun onser „léiwer Mamm“ an der Kathedral.
Em „Planung und Ausblick für das kommende
Studienjahr“ goung et mëttes, ier mir fir
d’Radiosmass an d’Por Miësdref opgebrach
sinn. Dest Joer hu mir awer net weider aktiv un
der Gestaltung vun der Radiosmass deelgeholl.
Virun der Mass hate mer an der Miesdrefer Filial
Pëtten mat der Feier vun der Vesper de Sonndeg
agelaudt. Nom Gottesdingscht gouf et
d’Geleenheet, beim Patt de Porleit vu
Miesdref-Pëtten-Essen ze begéinen. Merci, léif
Miesdrefer Kierchesänger fir de Patt. Merci, Här
Kaploun Santer, fir dat gutt Iessen, wat duerno
koum.
Sonndes
muerges huet sech de Krees méi grouss gemaach.
Alle Lëtzebuerger Theologiestudentinnen a
-studenten huet de Marc Bellion vu sengem
Openthalt an Argentinie gezielt an ons
d’kierchlecht Liewen a Südamerika präsentéiert.
Mat der Sonndesmass an no der Gnod dem Brot huet
di ofgespeckte Septemberwoch opgehal. Kucke mir
emol, ob mir da beim nächste Rendez-vous den
22. Dezember ons Gespréicher latäin oder
italienesch hale wäerten...
Priesterweih
vum Denis Wellisch
Monseigneur
Fernand Franck, archevêque de Luxembourg, a
ordonné prêtre pour le service de
l’Eglise à Luxembourg Monsieur l'abbé Denis
Wellisch le samedi 5 juillet 2003 à 15 heures
en la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg. Un témoignage
du nouvel ordonné se trouve ici.
Septemberwoch
2002
(mg)
Wéi all Joër hunn sech d’Seminariste vun der
Aerzdiözes Lëtzebuerg och dëse September 2002
eng Woch getraff, fir zesummen am Grand Séminaire
de Luxembourg Erfaarungen ze sammelen, sech
besser kennenzeléieren, gewuer ze ginn, wat
jidfereen op der jeweileger Plaz wou hie studéiert
mecht a schafft, fir gemeinsam de Glawen am
Gebied an an der Frëndschaft, am Gespréich
oder op Ausflich ze verdéiwen. Dobäi hu mir
eis besonnesch gefreet, datt en " Neien "
sech eisem Grupp ugeschloss a vill zu der gudder
Stëmmung an de positiven Aussiichte bäigedroën
huet.
Dës
Septemberwoch vum 01.09. bis den 08.09. hat een
inhaltlech räiche Programm. Nieft dem Gebied an
der Meditatioun, déi dem Dag ee gewëssene
Rhythmus ginn, gounge mir eng Rei vu Plaze
besichtegen, a mir krute verschidden interessant
Virträg gehalen. –Den Dr. Raymond Lies huet
eis méindes iwwert de Bau vum neie
Kongregatiounsspidol (Elisabetherinnen/
Franziskanerinnen) geleedt an eis detailléiert
Erklärungen zum Projet an zu senger Ausféierung
ginn. Déi ganz präzis an héich komplex Pläng
vun den Architekten esou wéi de Site mat senge
Gebeier, mat der zentral geleeëner Kapell an
deenen anere Raimlechkeeten, sinn immens
beandrockend. D’Aarbechte si gudd virugaangen,
esou datt dëst Spidol geschwë stoën an déi
humanitär Praxis ophuele wäert. –Am
Musée d’Histoire de la Ville de Luxembourg
krute mir Explikatiounen zum II. Weltkrich,
wéi dës ganz schwéier Zäit hei zu Lëtzebuerg
erliewt gouf. Den Titel vun der Ausstellung,
"…et wor alles net esou einfach",
get hirem Thema, hirer Grondausso Ausdrock.
–Eng weider interessant Expositioun hun mir zu
Baaschtnech besicht. De Prof. Michel Schmitt
huet eis am Musée en Piconrue
d’Skulpturen vum bedeitende Kënschtler Scholtus
virgestallt. Hien huet dat Spezifëscht um
Scholtus sengem schöpferësche Wierken
erfirgehuewen an dobäi besonnesch op
d’Engelfiguren higewisen, déi
d’Priedegtstill an d’Altär harmonësch ze
beliewe schengen. Fir dem Artist seng Konscht méi
gräifbar a wiirklech ze erfaassen, war nom Musée
ee kuerzen Ausflug an d’Kierch vu Kaundorf
virgesinn. Dëst alles war kulturell ganz beräichernd.
Weider
stoungen um Programm vun der Septemberwoch eng
gréisser Unzuel un Exposéën an d’Radiosmass
samschdes zu Baaschëlt. –De Pater
Jean-Jacques Flammang huet eis iwwert
d’Religiositéit an hiert Verhältnis zu der säkulärer
Stréimung philosophësch Reflexiounen
ausgeluecht. Um Schluss stoung d’Ausso, datt
d’Religiositéit net vun der Säkulariséierung
ganz kéint opgehuewen ginn, mee datt si zur
Fortdauer bestëmmt ass. –An enger ähnlech
thematëscher Richtung loungen och d’Virträg
vum H. Léon Zeches an vum H. Paschtouer P.
Goerens. Den H. L. Zeches huet eis d’Roll vun
de Medien hei zu Lëtzebuerg a Gesellschaft an a
Politik ausgebreedt an dobäi besonnesch op
hiren groussen Afloss, hir grondsätzlech
Verantwortung, hir Defien an awer och déi ganz
konkret Schwieregkeeten Akzent geluecht.
Informatioun, Orientéierung, Opklärung a
Wourecht sollten Haaptuleies vun de Medien sinn.
Hien huet opgefuerdert, sech Gedanken iwwert
d’Plaz vun der Religiositéit an der Press ze
maachen. Den H. Paschtouer P. Goerens huet eis déi
verschidde reliéis Gruppen an Tendenzen hei zu
Lëtzebuerg genannt an sech Gedanke gemaach
iwwert déi gesellschaftlech Roll vum chrëschtleche
Glawen a vun der Kierch. –D’Liewe vun der
Kierch hei zu Lëtzebuerg gouf och vum
Generalvikar, dem H. Mathias Schiltz thematiséiert.
Fir de "remodelage paroissial" ze erläuteren,
huet hien sech op Dokumenter vum II. Vatikanësche
Konzil an op Texter, déi ënnert dem Pontifikat
vum Popst Jean-Paul II. publizéiert goufen,
gestëtzt. Vill hängt bei der Pastoral vun der
gudder a bereetwëlleger (well iwwerzeechtener)
Zesummenaarbecht tëscht deenen, déi de Leit de
Glawe vermëttelen, of.
De
Programm vun der Septemberwoch war also räichlech
gefëllt an huet zum Matdenken ugespornt. Dee
leschten Dag war nach eng Begéignung matt den
TheologiestudentInne geplangt. Den H. Paschtouer
Patrick Müller ass matt eis duerch d’Stad Lëtzebuerg
gaangen an huet eis déi ganz gudd a luewenswert
Aarbecht vu Studenten aus dem Athenäum entdecke
gedoën. De Rondwee "Inscriptions latines"
ass groussarteg.
Ee
weideren (deen eigentlechen) Héichpunkt vun der
Septemberwoch war d’Admissiosfeier an
d’Beoptragungsfeier (Lektorat/Akolytat) vum
Denis Wellisch. Déi
spirituell Hiféierung huet de Père Jacques de
l’Arbre an d’Hand geholl.
Gemeinsames
Wochenende in Trier (29.-30. Juni 2002)
(dg)
Während bereits verschiedene von uns ihre
Sommerferien genossen und andere in ihrer
letzten Etappe ihres Studienjahres waren,
verbrachten wir, die luxemburgischen
Seminaristen (Thierry, Luc, Denis, Laurent,
Marc, Jeff und Daniel), am 29. Juni ein
gemeinsames Wochenende in Trier. Das Treffen
begann um sieben Uhr mit einem gemeinsamen Frühstück
im Luxemburger Priesterseminar. Danach ging es
sofort nach Trier, wo wir anschließend im
Trierer Dom an der Priesterweihe teilnahmen.
Verschiedene von uns erlebten zum ersten Mal
eine solche Feier. Vier neue Weihekandidaten
erhielten vom neuen Bischof Reinhard Marx durch
die Handauflegung die Weihe. Nach dem
Gottesdienst trafen sich die Teilnehmer und die
Gäste zu einem Empfang im Bischöflichen
Priesterseminar, wobei sich die Gelegenheit bot
sich mit den neuen Priestern auszutauschen, aber
auch um mit dem neuen Bischof in Kontakt zu
treten. Für die zukünftigen Luxemburger
Seminaristen, die ihr Studium in Trier beginnen,
bot sich die Gelegenheit ihre neuen Kollegen
kennen zu lernen. Am Nachmittag stand eine
Besichtigung von Trier auf dem Programm. Da die
Stadt Trier ein umfangreiches
Besichtigungsprogramm der Römerzeit besitzt,
verlief der Nachmittag schnell. Natürlich gehört
bei solch einer Besichtigungstour und bei gutem
Wetter ein leckeres Eis, das wir uns natürlich
nicht entgehen ließen. Danach standen noch
einige Kirchen auf unserem Programm. Spazieren
gehen verbunden mit Kultur macht bekanntlich
hungrig, so auch bei den Luxemburger
Seminaristen. So gingen wir am Abend zu einem
Italiener und ließen uns von dessen Küche verwöhnen.
Beim Abendessen bot sich die Gelegenheit, sich
über das vergangene Studienjahr auszutauschen.
Gut ausgeschlafen ging es am Sonntag, den 30
Juni 2002 weiter. Nach dem Frühstück nahmen
wir an der Sonntagsmesse in der Matthiasabtei
teil. Am Nachmittag stand die Dombesichtigung
auf dem Programm. Prälat Franz Josef Gebert
erklärte uns ausführlich, wie es zu dem
heutigen phantastischen Bau kam, der sich über
die Jahrhunderte erstreckte. Im Allgemeinen
verbrachten wir unter Kollegen ein wunderschönes
und gemütliches Wochenende ohne jeglichen
Stress in Trier. Zum Schluss hieß es "Äddi,
a bonne chance an dengen Examen", "Schéi
Vakanz" oder "Mir gesin eis", und
wir verließen die wunderschöne Römerstadt und
folgten der Straße in unser Heimatland
Luxemburg.
"Oktav-Weekend
2002"
(LS)
"D´Oktav rifft ons em däin Altor / a
misst een Daag an Nuecht och go´n..."
- Une vieille chanson mariale avec un
texte encore en vigueur de nos jours. Parmi les
nombreux pèlerins à Notre- Dame de Luxembourg
se retrouvèrent les séminaristes de l´archidiocèse
au pied de la Patronne du Pays en la cathédrale.
Avant le rendez-vous officiel pour la clôture
du pèlerinage, quelques-uns profitaient du 1er
mai chômé pour participer à la messe célébrée
à l´autel votif à l´intention du Grand Séminaire.
Et, bien sûr, la bonne tradition était
scrupuleusement respectée : le petit-déjeuner
au marché des pèlerins était de vigueur. Il
donnait possibilité de discuter avec les étudiants
de l´Institut Catechétique sur le sermon
remarquable du chanoine Heiderscheid sur l´envoi
des 72. Ne serait-on pas fier de pouvoir envoyer
72 jeunes prêtres en paroisse, 72 enseignants
de religions dans les écoles, 72 assistants en
pastorale, 72 jeunes dans les congrégations et
communautés ? Prions le maître de la moisson...
!
Le
grand rendez-vous était fixé pour les festivités
de la clôture de ce grand pèlerinage le 4 et 5
mai. Samedi après-midi les séminaristes
assuraient le service d´autel lors de la messe
pour les personnes âgées des maisons de
retraite, concélébrée par notre archevêque
et Mgr Bonfils de Nice. Il en suivait au Grand Séminaire
une conférence du chanoine Heiderscheid,
sociologue, au sujet des récentes enquêtes
concernant la pratique religieuse dans notre
pays. Eh bien, les résultats sont moins mauvais
qu´on l´avait cru. Après cet après-midi sérieux
et studieux, la sortie du soir se réservait la
partie divertissante. Ceux qui nous connaissent
savent bien que les séminaristes ne sont guère
des bons fils de Mère Tristesse. :-)
Le
lendemain, dimanche, la pluie dominait toute la
journée et nous obligeait à bien des
changements. Le traditionnel pèlerinage à pied
à partir du séminaire ne put avoir lieu et fut
remplacé par un temps de prière marial avant
le départ en voiture pour la cathédrale et la
messe pontificale ainsi que la photo de notre
petite communauté avec Mgr Franck et le Nonce
Apostolique. Espérons que le ciel s´ouvrit
tant à nos prières montant en haut comme il le
fit à la pluie qui ne cessa de tomber pendant
la procession. Voilà qu'une charge moins
conventionelle fut attribuée aux séminaristes:
celle des portes-parapluie. Dimanche soir, munis
de surplis bien trempés, on repartit sur les
différents lieux d´études et on se donna
rendez-vous à une prochaine les 29 et 30 juin
à Trêves.
Retraite
zu Schengen (30.12.01-5.1.02)
(to)
Iwert de Joreswiessel ware mer zesummen mat
eisem Pater Spiritual zu Schengen an der
Retraite, déi mer allerdéngs ugefaangen hun
mat engem gemeinsamen Treffen mat denene aneren
TheologiestudentInnen an hirem Responsabel. Hei
e puer Impressiounen dovunner, och a virun allem
iwert déi eemoleg Naturlandschaft, déi
gekennzeechent war duerch Schnéi an Héichwaasser
(zur Vergréisserung einfach op d'Fotoë
klicken!):
|