Marche Vocationelle

 (29. Juni 2010)

 

 

Nächsten Rendez-Vous vun den Seminaristen:

 

"Septemberwoch" vum 30. August bis den 4. September zu Oberammergau zesummen mat LuxPélé, an d'Radiomass zum Ofschloss vun der Septemberwoch den 5. September iwwerdroen aus der Kiirch vun Alzéng

(Lescht Ännerungen: 21. Juli 2010)

     AKTIVITÉITEN

 

„Marche Vocationelle“,

organiséiert vun der Pastoralregioun Osten an der Äerzdiözese Lëtzebuerg (29. Juni 2010)

 

     Den Dënschdeg, de 29. Juni 2010, hunn d’Seminaristen duerfen un der „Marche Vocationelle“, organiséiert vun der Pastoralregioun Osten fir de Presbyterium vun der Äerdiözese Lëtzebuerg, deelhuelen. Zesumme mam Här Äerzbeschof Mgr. Fernand Franck, deen op dësem Dag säi gëllent Priisterjubiläum gefeiert huet, an enger grousser Unzuel vu Priister, goung ët zu Fouss vun der Girsterklaus bis op Iechternach. Dëse Pilgergang stoung ënnert dem Motto „Folge mir nach“ (Mt 9,9).

     D’Atmosphär ënnerwee woar wirklech gutt. Ënnerwee gouf ët Zäite, fir sech auszetauschen an och fir dat eent oder anert gutt Wuert mat op de Wee ze huelen. De kréinenden Ofschloss woar zu Iechternach an der Basilika. Do huet den Här Äerzbëschof op sengem gëllene Priisterjubiläums-Dag zesumme mat enger grousser Unzuel vu Geeschtlechen d’Helleg Mass gefeiert zum Ofschloss vun dëser „Marche vocationelle“. Den Här Generalvikar huet a senger Priedegt ganz besonnech dem Här Äerzbëschof säin Asaz fir d’Lëtzebuerger Kierch gewierdegt an him och e grousse Merci dofir gesot. Dono gouf dëse schéinen Dag bei engem gemittlechen Owendiesse beim Här Deche Walin ausklénge gelooss.

M. R.

         

 

    

 

 

 

Gëllent Priister-Jubiläum vun eisem Äerzbëschof Mgr. Fernand Franck

     D’Lëtzebuerger Seminariste gratuléieren hirem Äerzbëschof ganz besonnesch fir säi gëllent Priisterjubiläum, dat hien de 29. Juni gefeiert huet. Fir si ass dat e groussen Temoignage, deen si op hirem Wee zum Priistertum wäert stäerken.

     Här Äerzbëschof, mir wënschen Iech vun Häerzen weiderhi vill Kraaft a vill Freed an Ärem Déngscht an der Lëtzebuerger Kierch.

D’Lëtzebuerger Seminaristen

 

 

 

Sprangprëssesioun zu Iechternach (25. Mai 2010)

 

     Päischtdënschdeg, de 25. Mee, hunn déi Lëtzebuerger Seminariste sech traditiounsgeméiss zur Éier vum Hellegen Willibrord an der Iechternacher Basilika afonnt. Verstäerkt gouf déi kleng Équipe duerch Tréierer a Lantershofener Studiekolleegen.

 

     Den Ufank vun deër ganzer Manifestatioun woar fir d’Seminaristen net wiesentlech anescht wéi déi Joere virdrun: Mueres ëm 8 Auer eng feierlech Pontifikalmass, dës Kéier präsidéiert vum Kardinol Simonis vun Utrecht, mat uschléissender Usprooch a Begréissung vum Monseigneur Franck am Abteihaff.

 

     Leider huet sech fir déi Lëtzebuerger Seminariste wéinst engem Interview ob RTL Radio net direkt eng Méiglechkeet ergi matzesprangen. Zum Gléck woaren d’Lantershofener nach do: si hunn, wéi een och ob der Photo gesi kann, vollen Asaz bruecht. Fiir de Gang mat de Bëscheef zum Schluss vun der Prëssessioun konnt awer nees jiddereen dobäi sinn.

 

     No der Schlussandacht stong dun als Ofschloss vun eisem Treffen d’Mëttegiessen zu Steenem um Programm, wou mer äis dun an enger entspaantener Atmosphär vun deër schéiner, awer ustrengender Feier erhuele konnten. Dofiir nach een härzleche Merci un eise Präses, den Här Hellinghausen, deen äis ob dëst Iessen invitéiert huet. Gestäerkt huet sech duerno jidderen ob säin Heemwee gemat. “In Dei Nomine Feliciter”. Bis d’nächst Joer zu Iechternach!

B. D.

 

     

                                       

 

 

 

Akolythatsbeobtragung zu Lantershofen (25. Oktober 2009)

 

            Um Sonndeg, de 25. Oktober 2009, sinn zwee vun eise Seminaristen, de Charles Bremer an de Ricardo Monteiro, op hirer Studieplaz zu Lantershofen vum Bëschof Felix Genn vu Münster zesumme mat hire Kurs-Kollegen aus Däitschland zu Akolythen beobtragt ginn. Dës schéi Feier huet bei herrlechem Hierschtwieder an der Kierch zu Lantershofen stattfond. Fir d’Beobtragung sinn hir Familjen a Frënn ugereest, fir zesumme mat hinnen dëst Fest ze feieren. No der liturgescher Feier huet de Regens Michael Bollig bei enger klenger Receptioun e puer Wierder un d’Gäscht adresséiert, éier ët duerno un de festlechen Dech gaangen ass. 

 

            Den Akolyth ass bestallt fir dem Diakon an dem Priister um Altoer ze hëllefen an de Kranken d’Kommunioun ze bréngen. Eis zwee nei Akolythen wärten dësen Déngscht an hire jeweilege Praktikums-Poarverbänn „Mamerdall“ a „Widdebierg“ am nächsten Trimester erfëllen.

 

B. C. 

 

                    

 

 

Septemberwoch 2009 (02. – 06. September)

 

     Fir d’Rentrée 2009 hunn sech eis Lëtzebuerger Seminaristen afonnt, fir hir traditionel Septemberwoch zesummen ze verbréngen. An dëser Septemberwoch, déi se zum gréissten Deel am Centre Jean XXIII. um Weimeschhaff verbruet hunn, stung den „interreliéisen Dialog zu Lëtzebuerg, besonnesch mam Islam“ um Programm. Den Unfank woar geprägt vum Interessi dorun, wat jeweils déi aner Matbridder an der Vakanz Schéines erlieft a gemeet hunn. Op deër Plaz sinn och déi zwee nei Seminariste begréisst ginn, die an dësem neie Studienjoer ufänke wäerten.

 

     Während de ganzen Deeg kruten eis jonk Frënn en Abléck an den Islam an an d’Begéignung mat him durgeluecht. A verschiddenen Enheeten, déi vun de Professeren vum Seminaire gehale goufen an déi folgend Iwwerschrëften gedroen hunn: „Islam zu Lëtzebuerg“, „d’Bibel an den Koran“, „wéi een als Chrëscht dem Islam begéint“, „Weltethos“ an „Chrëschtlech Biller vum Islam“, sinn se opmierksam gemeet ginn, wie ët mam Islam hei zu Lëtzebuerg steet. Ët woar e schéi gefëllte Programm, deen awer ganz intressant fir eis Jonk Frënn woar.

 

     Nët ze vergiessen d’Visite vum Centre Culturel Islamique vu Mamer. Do hunn d’Seminaristen zesumme mat de Laientheologen an -theologinnen eng ganz interessant Visite guidée erlieft. Fir e puer vun hinnen woar ët och fir t’éischt, dass se e Fouss an eng Moschee gesat hunn. Ee grousse Merci geet un d’Responsabel vum Centre Culturel Islamique zu Mamer, fir hire léiwen an häerzlechen Empfang.

Während dëser Septemberwoch krut eise Matbrudder, de Richer Romain, d’Admissio vun eisem Här Äerzbëschof iwwerdroen, dëst an der Ofschlossmass vun der Retraite vun de Paschtéier. 

 

     Um Sonndeg, dem letschten Dag vun der Septemberwoch, woaren d’Seminaristen op Märel an d’Radiomass agelueden, fir do en Temoignage ofzeleeën. No engem kuerzen Empfang no der Mass sinn se op d‘Visite guidée vum ale jüdesche Kiierfecht a Clausen gefuer. Duerno woar d’Mëttegiessen op der Fouer ugesot, nom Iessen e klengen Spazeiergang bei schéinem Wieder duerch de Stater Park. An zum Ofschloss d’Visite vun der Synagog, déi am Cader vun der „Journée européeene de la culture juive“ op woar.

 

     No all dëse schéine Momenter hunn sech eis Seminaristen äddi gesot a sech geigensäiteg e gudde Start op deene verschiddene Studienplaze gewënscht, éier se sech nees op den Heemwee gemeet hunn.  

 

B. C.