D'So vun der schéiner

Viru villen honnert Joer huet ob engem Schlass zu Käerech en edle Ritter gelieft, de Grof Siegfrid. Enges Daags wéi en op der Juegd war, huet hie sech veriert, an ass géint der Owend an en déift, engt, wëllverwuessent Dall komm. Et war dat d’Dall vun der Uelzecht, do wou haut d‘Stad Lëtzebuerg ass. Wéi e bei de Bockfiels komm ass, huet en op eemol Téin vun engem wonnerschéine Gesang héieren. Nodeems de Grof eng Zäitchen nogelauschtert hat, ass e bei déi Plaz, wo déi Téin hierkoumen geridden a geschwënn huet en uewen op de Ruine vun der Buerg eng Jongfra sëtze gesinn, bei där hierer Schéinheet hien wi gefesselt stoe bliwwen ass. Et war d’Melusina, d'Nix vun der Uelzecht. Wéi hatt de Ritter gesinn huet, ass et vun engem grénge Schleier verdeckt gin an et ass mat de leschte Strale vun der Owessonn verschwonn.

Vu lauter Middegkeet huet den Siegfrid sech ënnert e Bam geluegt an huet geschlof. Den anere Moien gouf hien vum Gesang vun de Vigel erwächt. Hien ass dem Floss nogaangen an ass a sénger Heemecht erauskomm. Déi schéin Jongfra an hiere wonnerschéine Gesang haten dem Grof seng Séil mächteg erfaasst. Oft ass hien elo an déi Géigend, déi hien léifgewonnen hat zréckkomm, fir sech un dem Gesang an der schéiner Gestalt vun der Jongfra z‘erfreeen. Enges Dags huet en d’Melusina am Dall getraff. Och hatt huet sech op de Besuch vum schéine Ritter gefreet. De Siegfrid huet him séng Léift gestanen a si hu beschloss sech ze bestueden. Hien huet dem Melusina awer misse verspriechen, dass hien hatt all Samschdeg misst eleng loossen an hatt deen Dag och net dierft gesinn.

 

De Siegfrid huet elo mam Abt vu St.Maximin bei Tréier séng schéin Herrschaft Felen bei Ettelbréck géint de plakege Bockfiels an d’Bëscher an der Ëmgéigend getosch. Well hien awer jorelaang kee Geld hat fir op dem Bockfiels e Schlass ze bauen an d’Melusina als séng Fra heemzeféieren, huet en dem Däiwel séng Hëllef ugeholl. Deen huet him versprach e Schlass ze bauen an him vill Geld ze ginn, wann hien, de Siefried, no 30 Joer dem Däiwel géng fir séng Déngschter zur Verfügung géng ston. De Siegfrid ass op dem Däiwel säi Virschlag agaangen an an der Nuecht stung op eemol um Bockfiels eng herrlëch Burg.

 

Melusina_Burg.jpg (43400 Byte)

Melusina_Mel1.jpg (43397 Byte)

De Siegfrid huet sech mam Melusina bestuet an huet schéin Deeg mat him verbruecht. D’Melusina huet him siwe Kanner geschenkt.

Mee all Samschden huet d’Melusina sech kengem gewisen. Hatt huet sech a séng Kummer zréckgezunn an huet sech agespaart. Scho säit ville Joren huet hatt dat gemaach, ouni dass säi Mann gefrot huet wisou. Awer séng Frënn, déi schonn dovunner matkrut haten, hun de Siegfrid mësstraueg gemaach. Lo wollt de Grof awer wëssen, firwat séng Fra sech all Samschden virun him zréckzitt. An de Samschden dropp ass hien heemlech bei dem Melusina séng Kummer gang. E verdächtegt Rauschen a Plätscheren huet hie vu bannen héieren. Hien huet duerch d’Schlëssellach gekuckt: D‘Melusina huet séng laang, blond Hoer gekämmt. A mat séngem eekelege Fëschschwanz huet hatt d’Wellen gepeischt. De Grof Siegfrid huet vu Schreck haart gejaut an d’Melusina ass an deem Moment an der Déift vum Fiels verschwonn. De Siegfrid hat d’Melusina fir ëmmer verluer.

Et gëtt erzielt , d’Fra, déi dat jéngste Kand a Pfleeg haat, hätt heinsto eng wäiss Gestalt bemierkt wa se bei d’Kand an d’Zëmmer komm ass.

D’Melusina erschéngt elo all 7 Joer a menschlecher Gestalt iwer dem Bockfiels fir déi Leit déi laanscht kommen em hier Erléisung ze bieden. Wa keen et erléise wëll, da schwiewt déi wäiss Gestalt iwert der Stad a rifft: "A siwe Joer net méi!" , a versénkt erem am Fiels.

Dofir hat deemools, wou Lëtzebuerg nach eng Festung wor, suguer de stäerksten Zaldot Angscht fir nuets um Bockfiels Waach ze halen. Eng Kéier stung en daperen Zaldot dee matt séngem Kolleg d'Plaz gewiesselt hat, tëscht 12 an 2 Auer an der Nuecht um Bockfiels. Op eemol koum d'Melusina an huet gesot: "Wannechglifft erléis mech." Et wär dëst zwar schwéier, huet hatt erklärt, mee net onméiglech.

Wann hien awer Angscht virun dëser Aufgab hätt, da soll en se net man, soss géng hatt nach dräimol méi déif am Fiels versénken. Während dëse Wieder ass esou en heftegt Gebraus em de Bockfiels lassgaangen, dass den Zaldot gemengt huet alles géng elo zesummestierzen. Hien huet versprach dem Melusina säi Wonsch z'erfëllen, egal wat et och sollt sin. D'Melusina huet em dunn erkläert, hie misst während 9 Deeg hannereneen all Owend Punkt 12 Auer hannert dem Altor an der Dominkanerkierch stoen, keng Minutt ze fréi a keng ze spéit. Hätt ën dat 9 mol gemaach da géng him an der 10. Nuecht d'Melusina als feiereg Schlaang mat engem Schlëssel am Mond erschéngen. Deen misst hien mat sengem Mond aus hierem Mond huelen an en an d'Uelzecht werfen woumatt hatt dann erléist wäer. D’Réimerbuerg sténg dann erëm genee wi fréier op dem Bockfiels.

Owes stung den Zaldot dunn Punkt 12 Auer hannert dem Altor. Mee den 9.Owend huet e sech verspéit. Do héiert en ob sengem Réckwee e fierchterlecht Gejéimers a Gebrëlls um Bockfiels, datt e bal gemengt hätt all déi wëll Déieren wäeren an der Loft beieneen. Mee keen anere Mënsch huet dee Kaméidi héieren.

Och sollt d'Melusina, all Kéier wann der Stad Lëtzebuerg Gefor an Ongléck dréit , de Bockfiels ëmkreesen a Klolauter ausstoussen.

Bis haut ass d'Melusina nach net erléist. Wann dat awer soll geschéien, dann bléit der Stad Lëtzebuerg eppes Schlëmmes. Ass dat Hiem fäerdeg fir dat hatt all 7 Joer ee Stëch mécht an zu deem de kalen Fiels vum Bock de Flues liwwert, dann ass hatt erléist. Mee da wäert d’Stad an e Koup falen an d’Melusina ënnert sech begruewen.

 

Quell:

Nikolaus Gredt: Sagenschatz des Luxemburger Volkes, 1. Auflage 1883, 2. Auflage 1963 (Nach N. Gonners Mitteilungen und mündlich)

vun de Kanner op Lëtzebuergesch iwersat

Verbesserungshëllef:

http://www.crpgl.lu/~durand/Cortina/Demonstrateurs/TextSpellHTML/SpellCheckerFormHTMLLU.html