Joseph Hess ( aus Fête Nationale du Travail et de la Terre Consdorf 1966 )

Erënnerungen un de RUDENS Mathias

Doléiner - Theaterstécker - Spiichten

Keen Duerf am Land huet seng ongeschriwwe Chronik esou äschtlech gutt an der Rei ewéi Consdref . 'T as de grousse Verdéngscht vum Mathias Ruden. Säi Papp war 1801 gebuer , hie selwer hu mer 1948 begruewen. Dat mécht fir zwéi Mann 147 Joër Lieweszäit. Allen zwéin haten se de Kapp op hiirt Heemechtsduerf geriicht an dobäi e Verhalt ewéi eng Scheierpaart, wou vill eragaangen as. Ech hat d' Gléck, un de Mathias Ruden verwissen ze gin, fir mer iwwer déi al Zäiten Ausstreech ze huelen. An do as eppes fir mech erausgefal.Wann de Mathias d' Zigarettebliedercher erausgezunn huet, wou en seng Stëchwiirder dropstoën hat, da konnt e Stonnen a Stonnen erzielen : jhust iwwer dat, wat nët an de Schrëfte steet. Iwwer d' Liewesweis, d' Spichten an d' Gebräicher vum Duerf. Dat war e Mann, wéi all Nascht ee sollt gehat hun : Mat schalleksegen An, den Zwécker wënsch op der Nues, a mat sëcherem Bléck fir dat, wat Wert hat. Am Ufank wollt en nët , datt ech géif Notizen huelen. En Dausendgléck, datt ech en derzou kritt hun. Säiten a Säiten hun ech opgeschriwwen. Dat alles läit elo do, fir dem Jonktem vun haut ze weisen, wéi deemols rau a schlau gelieft gouf.
Wéi sot de Mathias ?
"D' Kanner kruten an deire Jore gekachte Gromperen an de Schouss gezielt. De Wanter duerch hun d' Doléineschleit op den Hief gedresch : Se haten am viraus schons den Oweskascht, a muerges, éier der Deiwel d' Schong un hat , stungen s'am Scheierdenn mat de Fleelen duerzeman. Alt hirer dräi an dräi an zwou Reien. Esou hun se den Drëtter, de Véierter an de Sechster geschlon, datt d' Gënn gewackelt huet. Zu fënnef war den Takt am schéinsten, zu sechs war et eng Konscht. Um acht Auer hat den Drescher seng zwéi Su verdéngt an de Muereskascht : Sterzele mat vëlleg Gréiwen drop, och alt Gromperen an e Stéck Karbrout. Duerno sin s' an de Kouertebësch gaangen, an um zéng Auer gouf et an de gudden Haiser Weessebrout. Dohin hun se sech absëns gär verdangt. Se kruten alt eng Bootsch Brout mat heem fir Fra a Kanner, an e Stéck Speck. Dat war hiren Doloun. Haut ging dat nët méi. Den Hiirt hat d' Recht op d' Winnbrout, wann e jongt Schwäin fir d' éischt mat bei d' Herd gelooss gouf.An da war et de Gebrauch, datt den Hiirt mat engem hëlze Spuet de Wues ausgestach huet fir op d' Fiischte vun de Stréideeg ; dat war esou säin Niewenhändelchen.
*
"E Mann vu Gonnereng huet mat Fixfeier hauséiert, nach géint 1875."
*
"Wat e Stéemetzer bei senger Aarbecht lass hat, léisst sech errechnen, wann ee bedenkt, datt d' Kleinshaus fér 32 Krounen an eng Réischtebox gebaut gouf."
Ech mengen ech hätt néideg d' éischt ze son, wat eng Réischtebox war.Dat war eng Léngebox, vum beschte Fuedem ; Ospen an Osekenduch war méi graff. De Fierwer huet dat Duch mat Indech ( dat kenne mer haut als Indigo) blo gefierwt. Dohier kënt plazeweis den Hausnumm ,a Blofierwesch'. All bessere Bauerenhaff hat säi Wiewstull. Ee vun de Monnien am Haus, déi deemols vëlleg waren, deen huet aus dem gesponnene Fuedem Duch gewiewt.
Owes an der Ucht gouf da gesponnen an dobei erzielt a gegeckst.
Déi Consdrëffer haten hir Briechkaul fir d' Wierk ënner enger Fiels am Bësch. Enner den Iwwerhank konnt een e Fudder Hä ënnerstellen.
*
De Mathias huet a senge klengen Theaterstécker a liewege Biller duergestallt, wéi et op der Dar, op der Briechkaul, bei de Kuelebrenner vun der Goldfralee a beim Kanddaf zougoung. Wann déi Consdrëffer Jongen gär Theater gespillt hun, dann hun se de Mathias ugesprach fir en neit Stéck.Dat war bei him séier geschitt. Aus senge Stécker léisst sech liesen, wéi d' Leit viru fofzeg, honnert Joër zu Consdref geduecht a geschwat hun.
E kënt e jo nu Bedenken hun, op de Frënd Mathias do nët alt emol der Wourecht e bëssen nogehollef hätt. Ma do kann een säi Kapp a Rou leën. Ech krut deer Kaméidistécker vill ze liesen, éier en se beim Linden an der Groussgaass an den Drock gin huet. Dann hun ech alt emol hei an do eng kleng Ännerung virgeschlon, fir d' Sach méi monnsgeriecht ze maachen. Ma do war näischt ze wëllen : ,,'T as nët esou gaang, wéi dir elo sot. Dann as et nët méi richteg". Sou war de Mathias. Do war sech näischt ze fuebelen.
Säi Kanddaf as och am Ausland als dat beschte Proufstéck op déi Aart a Weis unerkannt gin. Do as alles drann, wat op e Kanddafskaffi gehéiert.
A seng Sprooch eréischt ! All Saz, deen e geschwat huet , war fäerdeg fir ze drécken. Bei him sollten eis Frënn vum Lëtzebuergeschen an d' Léier goën. Da wir hinne gehollef. Da géifen se villes doheem loossen, wouvun se mengen, ‘t wir Lëtzebuergesch.
*
Dem Mathias seng Spichte waren eenzeg. Loosse mer der wéinsten e puer verzielen : "A Buddeler bei Consdref hu se fréier dat vreckte Véi ënnergeschäert. Wann d' Kéi näischt méi ze friessen haten, da konnten s'op eemol schwätzen. Dann hun se sou krëscherech getut : Bu de-ler ! Bu-de-ler !
*
"Zu Consdref hun d' Baueren sech eng d' Zéit iwwerméisseg un de Branntewäin gin. De Paschtouer huet gepriedegt : ,;Wann dir d' Bidden nët losst - d' Bidden; da's dat Faass, wou se d' Fruucht an d' Uebst agemaach hun, fir ze brennen - „wann dir d' Bidden nët loosst ; da kënt de Wëllefchen (den Notar Wolf yun lechternach) an e setzt iech d' Bidde virun d' Dir". (De Riffer stung déi Zäit op enger Bidde fir d' Stä ze rufen.) E Bauer soll an engem Joër bis zeng Fudder Schnaps gebrannt hun. Dat war dann déi gudd al Zait .
*
,,1866 war d' Cholera no Consdref gedroë gin ; ma ‘t sin der nëmmen zwéin dru gestuerwen. D ‘Leit waren esou schlecht drunn, dat se kee Fatz méi z'iessen haten. D' Gemeng huet fir 3600 Frang Liewesmëttel musst kafen. Um Scheedgen as kuurz duerno d' Nerveféiwer ausgebrach, de Schoulmeeschter hat déi Kränkt mat vu baussen erabruecht. Se huet deemools 28 Leit d' Liewe kascht .
*
"Consdref huet eng ganz Rëtsch schëi Weekräizer. Déi stame vum Tirouler Stänhëer Schergen vu Gueper. Eent vun dëse Weekräizer um Consdrëffer Bann huet eng schrecklech Geschicht: Dat op Wolper, wou se fréier Zille gebak hun. Wéi eist Land nach mat Bitburg zesummenhung, - dat war virun 1815 - do as eng Kéier am haarde Wanter em Hallefnuecht e Jhandarem zu Päerd op där Plaz ënnert d’ Wëllef geroden. En huet der en etlech mam Säwel kabinnéiert , mä wéi deen zwäten Trapp op en duerkoum, hei war him jo de Säwel an der Scheek vun elauter Blutt ugefruer, an e krut en nët gezunn. D' Päerd huet en ofgeworf, an d' Wëllef hun en zu Botz opgefriess, - bis op d’ Wueden an d’ Féiss. Déi stuchen an héige Stiwweln."
*
Nët nëmmen eleng aus der Consdrëffer Gemeng huet de Rudens Mathias déi Spichten zesummegeraaft. Och aus den Nopeschdierfer:
"Zu Bäerbreg war den Här vum Schlass en onkammoute Brudder. Et war den Nell. Déi Familjen as nach haut zu Tréier bekannt. Kuurz vir der Revolutioun hat deen engem Bauer , dee beim Plouen eng Strëpp gezun bat, d' Honsbaatsch iwwer d' Gesicht gekraacht. Ma deen, nët faul, erwëscht de Plousprénkel, an en huet den Nell gutt ersielt. Du war natiirlech senges Bleiwes nët méi ze Bäerbreg. E souz an engem Häkoup, an dem Nell seng Leit hun de Koup mat Säwelen duerchstach, ouni de Mëssdéidegen ze geroden. De Bauer huet sech no Diddenhuewe verzunn, wou en och wunne blouf."
*
"Dem Walech vun Haler seng Kéi wore vun engem rosenen Hond gebass gin, an se foungen un ze zabbelen an ze rosen. Du huet e Schënner vu Freckeisen all Kéi am Stall vun uewen erof duerch d' Versinn doud gestach.
*
Wann de Mathias bis vum Pärdsklos un d' Erziele koum, da krut et keen Enn méi :
"De Pärdsklos gët als Schankefléckert am Rodange sengem „Renert“ernimmt. Am Klöppelkrich war e mat vir bei, an en hat eng mat engem franséische Säwel iwwer d' Kopp kritt. Als Schmatt huet en d' éischt d' Päerd kuréiert an derno d' Leit. 1833 haten se n en zu Dickerech um Gericht wéint senger Dokterei, an e krut dräi Méint opgedréckt. Wéi en déi gesiess hat, da stungen Honnerte vu Leit virum Prisong fir en ofzehuelen.E soll e sechert Mëttel géint d' Nerveféiwer gehat hun. Dat gouf dem Kranken ënner den Hutt oder ënner d' Hauf geluegt fir ze wirken. Vum Kitzebur bei der Fiels as en dun op de Kinsekerhaff wunne komm. E konnt deen a knappe zeng Joër bezuelen, esou mäerderesch huet e Geld verdéngt. D' Doleren an d' Napoleonen huet en an de Schaf gehäit ouni ze zielen. Wann e Gefaach voll war, dann huet en dee Koup bei den Notar gesat. En hat e Fuus als Haushond. Deen hat an der Kanecher Géigend Jonger kritt. An déi huet dat Déier an enger Nuecht een nom aner heem op de Kinsekerhaff gedroën.Wuefir de Päerdsklos an Amerika gung dat weess keen. En as um Schëff gestuerwen. An dat war wëll en nët u seng Möttele koum. Déi louchen déif am Bauch vum Schëff an enger Këscht vertesselt. Soss géif en haut nach liewen.
*
D' Nammensfräche vu Consdref konnt och méi wéi Brout iessen . Si huet och gedoktert fir krank Leit. Si war esou räich gin, dat se siwe Pond Botter an der Woch verdroë konnt. Wann s'an d' Feier gespaut huet, dann huet et gegreezt sou botterech war dee Saft .
An doriwwer huet de Mathias gelaacht wéi e Schellem .

zurück zur Hauptgeschichtsseite