VOTUM KLIMA 



Klimaschutz a Gerechtegkeet

Déi global Klimaverännerunge sinn zu engem groussen Deel vu Mënsche gemaach. Si leien domadden am Beräich vun der Verantwortlechkeet vun deem Eenzelen a vun der Gemeinschaft.

Hir Auswierkungen, wéi zum Beispill Noutsituatiounen a Fluchtbewegungen an deenen exponéierte Regioune vun der Welt, fuerderen eis eraus, souwuel fir deene betraffene Mënschen ze hëllefen, wéi och fir d'Ursaachen ze bekämpfen.

Duerfir huet Klimaschutz mat Gerechtegkeet ze doen:
* Gerechtegkeet fir d'Mënschen an de Schwellen- an Entwécklungslänner: de Klimawandel verstäerkt dat dramatescht Gefäll zwëschen Aarm a Räich, un deem senge Konsequenzen virun allem si ze droen hunn;
* Gerechtegkeet fir déi Generatiounen, déi no eis kommen: hiert Recht op Nahrung, Gesondheet, gutt Liewensbedéngungen an intakt Liewensraim fir Mënsch an Natur steet um Spill.

De Kampf géint d'Aarmut an de Klimaschutz ginn also Hand an Hand. Et geet net nëmmen ëm e groussen Ökosystem, deen aus dem Gläichgewiicht geroden ass, ma och ëm d'Mënschen an hir Liewensgrondlagen: do wou Déieren a Planzen a Gefor sinn, do ass och de Mënsch a Gefor.

De Klimaschutz ass e Garant fir Gerechtegkeet, Fridden an d'Erhale vun der Schöpfung.

Duerfir ënnerstëtzt d'Lëtzebuerger Kommissioun "Justitia et Pax" d'Initiativ "Votum Klima".


(18.5.2009)

Votum Klima | Umwelt | Environnement | Home

Luxemburger Kommission "Justitia et Pax"
http://www.restena.lu/justpaix