LËTZEBUERGER KOMMISSIOUN "JUSTITIA ET PAX" / "JUSTICE ET PAIX"

Mir hunn d'Häerz ganz schwéier.

Eis léif Frëndin

Adri van Westerop
Member zënter 2003

ass den 23. Dezember 2009 am Alter vun 52 Joer gestuerwen.

D'Adri huet sech ëmmer mat vill Freed a Begeeschterung fir Gerechtegkeet a Fridden a fir eng besser Welt agesat, an hatt huet et och fäerdegbruecht, mat sengem positiven an oppene Wiesen aner Leit matzerappen. Duerch d'Adri ass eis Welt méi schéin, méi hell, méi gerecht ginn.

Mir si frou an dankbar, dass mir d'Adri haten, a mir wäerten seng Hëllefsbereetschaft, säin Enthusiasmus an seng flott Iddien nach dacks vermëssen.

Merci fir alles, léift Adri! An eisen Häerzer bass du ëmmer bei eis.






Adri van Westerop

9. Dezember 1957 - 23. Dezember 2009



Intern | Communiqués | Home

Luxemburger Kommission "Justitia et Pax"
http://www.restena.lu/justpaix