En
Opruff vun der
Lëtzebuerger
Kommissioun "Justice et Paix"
bei Geleeënheet vun
der Ouverture vun der Hierschtsessioun 2004
vun där nei
gewielter
Chamber
Am Juni dëst Joer gouf zu Lëtzebuerg eng nei Chamber gewielt, an et koum zu engem Regierungswiessel; an där Chamber si vill nei Deputéierter, déi elo fir d'éischt hiert Mandat als Volleksvertrieder untriede wäerten.
E puer Iwwerleeungen an dësem Zesummenhang:
* Eis Chamber huet nach ëmmer hir Funktioun als Volleksvertriedung zu Lëtzebuerg an ass zoustänneg fir déi legislativ Aarbecht am Kader vun den Institutiounen, déi eis Demokratie zu Lëtzebuerg charakteriséieren.
* D'Chamber ass awer ëmmer manner repräsentativ fir d'Leit, déi hei am Land liewen; d'Proportioun vu Mënschen, déi hei am Land wunnen a schaffen, ma bei den nationale Wahle kee Wahlrecht hunn, gëtt zënter ville Joren ëmmer méi grouss, an et kann een sech d'Fro stellen, firwat ongeféier een Drëttel vun der Bevëlkerung ausgeschloss bleift, wann et drëm geet, hir Volleksvertrieder ze bestëmmen.
* Et gëtt Erklärungen dofir, an eis Gesetzer gesi keng aner Méiglechkeete vir.
* Mir sinn awer der Meenung, datt dës Entwécklung net gesond ass a mëttelfristeg an der Gesellschaft zu Lëtzebuerg zu Spannunge féiert, déi déi sozial Kohäsioun a Gefor bréngen, well mir doduerch eng Zwouklassegesellschaft schafen, déi engersäits ongerecht ass, an déi anersäits engem modernen Europa net wierdeg ass.
* D'Lëtzebuerger, déi ausser dem Privileg vum Wahlrecht och nach deen hunn, datt d'Aarbechtsplazen am ëffentlechen Déngscht bal alleguer fir si reservéiert sinn, riskéieren, sech doduerch ëmmer méi vun hire Matbierger ofzegrenzen; eng ongläich Verdeelung vum Wuelstand, dee vu Lëtzebuerger an Auslänner zesummen erschafft gouf, ass d'Resultat.
Op Grond vun dësen allgemengen Iwwerleeungen, déi och schonns op anere Plazen a méi verdéift gemaach goufen, mécht eis Kommissioun en Opruff un eis Parlamentarier:
* esou séier wéi méiglech déi gesetzlech Basis ze schafen, fir déi duebel Nationalitéit zu Lëtzebuerg anzeféieren, an dat an engem Geescht vun Opgeschlossenheet a Solidaritéit, an anere Wierder, ouni onnéideg Konditiounen a Schikane virzegesinn;
* an deem Sënn och d'Gesetz iwwer d'Gemengewahle kuerzfristeg esou ze änneren, datt déi auslännesch Matbierger sech nach bis dräi Méint virun deenen nächste Gemengewahle vum 9. Oktober 2005 (an net wéi bis elo anerhallef Joer virun de Wahlen) an d'Wielerlëschten aschreiwe kënnen.
Lëtzebuerg, den 11. Oktober 2004.
Luxemburger Kommission
"Justitia et Pax"
http://www.restena.lu/justpaix