Lëtzebuerger Kommissioun "Justitia et Pax"

Flüchtlingen: Matmënschen ënnert äis!
Eng Stellungnahm zur Flüchtlingssituatioun zu Lëtzebuerg

Dës Stellungnahm, aus chrëschtlech-humanitärer Siicht, versteet sech als e Bäitrag fir d'Menungsbildung an d'gesellschaftlech Diskussioun iwwer d'Flüchtlingsproblematik zu Lëtzebuerg. Si riicht sech un all Matbierger a wëll zemools déi Verantwortlech a Politik, Gesellschaft a Kiirch encouragéieren, mënschen- a saachgerecht Léisungen unzestriewen.

Mënsche verloossen hir Hemecht, wann et do ëm hir legitim Rechter a Liewensméiglechkete schlecht steet. Op der Flucht viru Misär oder Ongerechtegkeet, Naturkatastrophen, Kricher, Verfolgung, Folter oder Doud siche si Schutz an engem anere Land.

Europa- a weltwäit si Millioune vu Mënschen op der Flucht. Nëmmen eleng am leschte Joer hun ongeféier 1.700 Flüchtlingen aus de jugoslawesche Krichsgéigende bei äis Asyl gefrot, an en Enn vum Flüchtlingsstroum as nët ofzegesinn. De Status vun de Flüchtlingen, déi sech hei zu Lëtzebuerg ophalen, an déi Rechter, déi sech aus dësem Status ergin, sin ënnerschiddlech.* Dacks sin domat ganz ongewëss Zukunftsperspektiven an onkloer, nëtgeregelt Rechtssituatioune verbonnen, déi si a Kaf huele mussen.

Och wann e klengt Land wéi Lëtzebuerg an der Fro vun der Immigratioun nëmme beschränkte Méiglechketen huet, sou hu mir awer déi moralesch Flicht, Flüchtlingen opzehuelen. Ouni dass de soziale Fridden an eiser Gesellschaft an déi legitim Bedürfnisser vun eiser Populatioun a Fro gestallt géifen, hu si dach d'Recht, bei äis Schutz virun der Verfolgung ze sichen an ze kréien (cf. déi Allgemeng Mënscherechtserklärung vun de Vereenten Natiounen, Art. 13 a 14). Well d'Flucht d'Familjen nët ausenee rappen däerf, as d'Zesummeféiere vun de Familjen onbedéngt ze förderen. Donieft gëlt et vu Regierungs- an zemools vun EG- an UNO-Säit, d'Fluchtursaachen op politeschem a wirtschaftlechem Plang ze bekämpfen an aus der Welt ze schafen, grad wéi och de Krisegebidder hir Nopeschlänner, déi de Gros vun de Flüchtlingen ophuelen, op eng adäquat Manéier ze ënnerstëtzen. Humanitär Hëllef, déi vun dene verschiddenste Säite kënnt – wat ze luewen as –, muss och weiderhin ënnerstëtzt a gefördert gin.

Mënschen, déi op der Flucht sin, fuerderen eist Gewëssen eraus. Well e Flüchtling as un éischter Plaz eng mënschlech Persoun, däer hir Dignitéit an däer hir Rechter geschützt respektiv nees hirgestallt musse gin. Eisen Ëmgang mat him däerf weder vu perséinlechem nach vu kollektivem Egoismus bestëmmt sin. Zemools all Form vu Friemenhaass as ze verwerfen.

Grad fir Chrëschte si Solidaritéit, Gaaschtfrëndschaft an Hëllef Fuerderunge vun hirem Glaf. Chrëschte sin dem Gebot vun der Nächsteléift an dem konkrete Liewen an der Léier vum Jesus verflicht, dee sech selwer mat de Mënschen op der Flucht identifizéiert: "Ech war friem an ech hat keen Daach iwwer dem Kapp, an dir hut mech opgeholl." (Mt 25,35)

Wéi solle mir äis elo vis-à-vis vun dëse Matmënsche verhalen? Op kee Fall däerf hiirt Schicksal, dat dacks dramatesch as, äis kal loossen. Et gehéiert wuel zu dene schwéiersten Decisiounen, déi Mënschen huele mussen, fir déi liewensnoutwendeg Sécherheet an der Friemd ze sichen, well se an der egener Hemecht nët gin as. Si si forcéiert, eng mënschlech, sozial a kulturell Entwuerzelung op sech ze huelen, déi nëmme schwéier ze verkraaften as.

Flüchtlinge bei äis en Doheem bereden, dat as also de kuerzfristege politeschen Opdrag un déi Leit, déi am politeschen an administrative Beräich d'Decisiounen huelen. Et geet nët duer, dene Betraffene jhust eng éischt Plaz zur Verfügung ze stellen, wou se Zouflucht fanne kënnen, an hinnen e Bett a waarmt Iessen ze offréieren. Déi Matmënschen, déi bei äis geflücht sin, brauche méi Sécherheet, wéi eng Salle d'attente bidde kann. Wat bis elo mat vill guddem Wëllen a gesondem Mënscheverstand ugepaakt gouf, muss elo – wéinst däer grousser Zuel – organiséiert gin. Dat si mir de Flüchtlingen an äis selwer schëlleg.

Mir all si gefuerdert, aus däer éischter liewenswichteger, mä provisorescher Opfänkplaz elo eng gaaschtlech Herberg ze man. Mir mussen de gaaschtfrëndleche Courage hun, et dene Mënschen, déi gëschter nach Friemer waren, ze erméiglechen, elo bei äis en Heem ze fannen an d'Liewe mat äis ze delen. Angscht a Viruurteler, déi als spontan Reaktioune bei éischte Kontakter heiansdo opkommen, mussen op béide Säiten ofgebaut gin. Zesumme liewen an erliewe gin zu enger géigesäiteger Beräicherung, wann d'Leit sech ënnereneen ëmmer méi toleréieren an akzeptéieren. Un dene materiellen, geeschtegen a kulturelle Gidder vun eiser Gesellschaft sollten all Mënschen hei am Land deelhuele kënnen.
An dëser Situatioun, déi fir äis nei as, brauche mir fir Lëtzebuerg eng kloer Hausuerdnung, well nëmmen esou d'Identitéit, d'Gefiller an d'Traditioune vun dene verschiddene Leit, déi am Haus wunnen, respektéiert kënne gin. Fir d'Zesummeliewen a -schaffe vun alle Leit ze förderen, si Regelungen, déi novollzu kënne gin, an transparent Rechtssituatioune gefrot, déi bis elo felen. Esou eng Hausuerdnung ka Liicht bréngen, do wou d'Gefor besteet, datt Mënschen an der Däischtert vun onsécheren, nëtgeregelte Situatiounen der Willkür ausgesat sin a sech ongewollt oder onkontrolléiert wéi doe kënnten.

Loosse mer also e Liicht ufänken an eis Herberg hell maachen, fir datt jiddereen, ob Lëtzebuerger oder Matmënsch aus der Friemd, sech bei äis erëmfanne kann! Duerch de konkreten Engagement, d'Kreativitéit an den Initiativgeescht vu jidderengem wäerte mer et fäerdeg bréngen, zesumme mat den öffentlechen Instanzen an den Organisatiounen, déi elo schon op dësem Gebitt schaffen, nei Weër vu Begéinen an Zesummeliewen ze sichen an ze fannen.

Lëtzebuerg, am Januar 1993.

_______________________________

* Zu Lëtzebuerg gët et de Moment verschidde Regelunge fir Flüchtlingen:
– e völkerrechtlech unerkannte Status am Sënn vun der Genfer Flüchtlingskonventioun, déi vu Lëtzebuerg ënnerschriwwen a ratifizéiert gouf;
– en humanitäre Status, deen an eisem Land fir Flüchtlingen aus Bosnien-Herzegowina gëlt an hinne fir e puer Méint eng Openthalts- an Aarbechtsgenehmegung bitt, allerdéngs mat enger ongewësser Zukunft;
– e fakteschen Duldungszoustand, deen nët genee ëmschriwwen as.


ErklärungenMigration | Home

Luxemburger Kommission "Justitia et Pax"
http://www.restena.lu/justpaix