Prager Manifest

vun der Beweegung fir d'international Sprooch Esperanto

Mir, d'Memberen vun der weltwäiter Beweegung fir d'Verbreedung vum Esperanto,

1887 als en Entworf fir eng Hëllefssprooch fir d'international Kommunikatioun lancéiert, huet sech Esperanto séier zu enger lieweger an nuanceräicher Sprooch entwéckelt an erfëllt schonns zanter méi ewéi engem Jorhonnert d'Funktioun, Mënschen iwwert all sproochlech a kulturell Barrièren ewech matenaner ze verbannen. Andärbants hunn d'Ziler vu senge Spriecher net u Wichtegkeet an Aktualitéit verluer. Weder de weltwäite Gebrauch vun e puer nationale Sproochen, nach d' Fortschrëtter vun der Kommunikatiounstechnologie, nach d'Entdeckung vun neie Methoden vum Sproocheléieren wäerte wouerschéngerlech déijéineg Prinzipie verwierklechen, déi mir als wiesentlech fir eng gerecht an effikass Sproochenuerdnung ugesinn.

1. DEMOKRATIE. E System vun der Kommunikatioun, deen e Liewe laang gewësse Mënschen privilegiéiert, mee vun anere verlaangt, datt se Joeren un Ustrengungen investéieren, fir e méi héijen Sproocheniveau ze erreechen, ass grondsätzlech ondemokratesch. Obwuel Esperanto, wéi jiddereng Sprooch, net perfekt ass, sou ass et dach jiddwerenger Alternativ fir eng egalitär a weltwäit Kommunikatioun iwwerleeën.
Mir affirméieren datt sproochlech Ongläichheet kommunikativ Ongläichheet op jidderengem Niveau no sech zitt, dën internationale mat abegraff. Mir sinn eng Beweegung fir demokratesch Kommunikatioun.

2. TRANSNATIONAL EDUKATIOUN. Jiddereng ethnesch Sprooch ass mat enger bestëmmter Kultur an Natioun bzw. Grupp vun Natiounen verbonnen. Zum Beispill léiert e Schüler, deen Englesch studéiert, eppes iwwert d'Kultur, Geografie an d'Politik vun den engleschsproochege Länner, virun allem de Vereenegte Staaten a Groussbritannien. De Schüler, deen Esperanto léiert, gët dogéint eppes iwwer eng Welt ouni Grenzen gewuer, an där sech jiddweree Land als Heemecht presentéiert.
Mir affirméieren, datt d'Educatioun an iergendenger ethnescher Sprooch un eng bestëmmten Weltusiicht gebonnen ass. Mir sinn eng Beweegung fir eng transnational Educatioun.

3. PEDAGOGESCH EFFIKASSITÉIT. Nëmmen e klenge Prozentsaz vun deenen, déi eng friem Sprooch léieren, meeschteren se. Esperanto kann ee esouguer da komplett beherrschen, wann een ët fir sech selwer léiert. Verschidde Studie beriichten iwwer propedeutesch Effekter fir d'Erléieren vun anere Sproochen. Esperanto gëtt och als en zentrale Bestanddeel a Coursen, déi d'Sproochebewosstsäin bei Schüler favoriséieren, rekommandéiert.
Mir affirméieren, datt Schwieregkeet vun ethnesche Sproochen ëmmer en Hënnernes fir vill Schüler wäert duerstellen, obwuel all dovunner profitéiere géifen, eng zweet Sprooch ze kënnen. Mir sinn eng Beweegung fir en effikasse Sproochenunterricht.

4. MÉISPROOCHEGKEET. D'Esperantogemeinschaft ass eng vun deene wéinege weltwäite Sproochecommunautéiten, däeren hir Spriecher ouni Ausnahm zwee- oder méisproocheg sinn. Jiddwer Member vun der Communautéit huet d'Aufgab op sech geholl, wéinstens eng friem Sprooch bis zu deem Niveau ze léieren, wou en et fléissend schwätze kann. A ville Fäll féiert dat zu engem Wëssen iwwer - an zu enger Léift - fir weider Sproochen an allgemeng zu engem gréissere perséinlechen Horizont.
Mir affirméieren, datt d'Spriecher vun alle Sproochen, grousser a klenger, eng reell Chance mussen hunn, sech eng zweet Sprooch bis zu engem héijen kommunikativen Niveau unzëeegnen. Mir sinn eng Beweegung, déi dofir antrëtt, datt déi Chance offréiert gëtt.

5. SPROOCHLECH RECHTER. D'ongläich Muechtverdeelung tëscht de Sproochen ass e Rezept fir eng konstant sproochlech Onsécherheet, oder direkt sproochlech Ënnerdréckung, bei enger grousser Partie vun der Weltpopulatioun. An der Esperantogemeinschaft kommen d'Memberen vu klengen a groussen, offiziellen an netoffizielle Sproochen op engem neutralen Terrain zesummen, wat engem géigesäitege Wëllen zum Kompromëss ze verdanken ass. Esou e Gläichgewiicht tëscht sproochleche Rechter a Flichten liwwert en Ulass, fir aner Léisungen vun der sproochlecher Ongläichheet an de sproochleche Konflikter ze entwéckelen an ze bewäerten.
Mir affirméieren, datt déi grouss Muechtënnerscheeder tëscht de Sproochen d'Garantien vun der Gläichbehandlung vun de Mëschen onofhängeg vun hirer Sprooch, sou wéi se an esou villen internationalen Dokumenter ausgedréckt si ginn, ënnerhielegen.

6. SPROOCHLECH DIVERSITÉIT. Déi national Regierungen tendéieren dozou, déi grouss Diversitéit vun de Sproochen an der Welt als eng Barrière fir d'Kommunikatioun an d'Entwécklung unzegesinn. Fir d'Esperantogemeinschaft awer ass sproochlech Diversitéit eng permanent an onverzichtbar Quell vu Räichtum. Folglech ass jiddereng Sprooch, wéi jiddereng Zort vu Liewewiesen, e Wäert u sech a wierdeg, protegéiert an ënnerstëtzt ze ginn.
Mir affirméieren, datt d'Politik vun der Kommunikatioun an der Entwécklung d'Majoritéit vun de Sproochen an der Welt zum Ausstierwe veruerteelt, wann se net op dem Respekt virun, an der Ënnerstëtzung vun, alle Sproochen gegrënnt ass. Mir sin eng Beweegung fir sproochlech Diversitéit.

7. MËNSCHLECH EMANZIPATIOUN. Jiddereng Sprooch befreit seng Spriecher an hält se gefaangen, andeem se hinnen d'Fähegkeet gëtt, ënnert sech ze kommunizéieren, awer d'Kommunikatioun mat anere verspäert. Geplangt als en universellt Kommunikatiounsmëttel, ass Esperanto ee vun deene grousse Projeten vun der mënschlecher Emanzipatioun, déi funktionéieren - e Projet, jidderengem Mënsch et ze erméiglechen, als Individuum un der Gemeinschaft vun der Mënschheet deelzehuelen - fest verwuerzelt a senger lokaler kultureller a sproochlecher Identitéit, mä net vun hir ageschränkt.
Mir affirméieren, datt dën ausschliissleche Gebrauch vun nationale Sproochen onweigerlech Barrièren géint d'Fräiheete vun der Meenungsäusserung, der Kommunikatioun an der Versammlung opriicht. Mir sinn eng Beweegung fir d'mënschlech Emanzipatioun.

[ Erausginn um 81ste Weltkongress zu Prag am Joer 1996 ]

Zréck op d'éischt Säit