Iwwer Esperanto

Eng Sprooch vun der internationaler Frëndschaft

Esperanto ass eng neutral international Sprooch, déi et Mënsche vu verschiddenen Natiounen a Kulturen erméiglecht, sech op gläichem Fouss ze begéinen a mateneen ze schwätzen. De polnesch-jiddeschen Dokter Ludwik Leyzer Zamenhof (1859-1917) huet dës Sprooch am Joer 1887 ënnert dem Pseudonym "Dr. Esperanto" ("esperanto"="een, deen hofft") lancéiert; dësen Numm ass dann och fir d'Sprooch selwer benotzt ginn.

Esperanto zeechent sech doduerch aus, datt et kenger Natioun gehéiert: jidderee muss déi selwecht Méi op sech huelen, fir d'Sprooch ze léieren, jidderee mécht dee selwechte Wee, fir op deen Aneren duer ze goen. Esperanto ass d'international Sprooch vun der Frëndschaft.

D'Zil vum Esperanto ass et glat a guer net, déi aner Sproochen ze ersetzen. Et soll nëmmen als neutral Sprooch an der internationaler Kommunikatioun benotzt ginn. Och wann Esperanto zueleméisseg (nach) keng Weltsprooch ass, sou gëtt et nawell dach, iwwer all Kontinenter verdeelt, honnertdausende Leit, déi Esperanto net nëmmen op Kongresser oder am (mëttlerweil elektronesche) Bréifverkéier, mee och am Alldag, heiansdo esou guer an der Famill schwätzen.

Esperanto bitt eng alternativ Aart a Weis, fir aner Länner a Kulture kennenzeléieren. Vill Esperantiste benotzen op hiere Reesen e weltwäit  Netzwierk vu Begäschtegongsméiglechkeeten, de sougenannte "Pasporta Servo", e Verzeechnes vun iwwer 1000 Adressen vun Esperantisten a méi wéi 70 Länner, déi bereet sinn, aner Esperantospriecher fir näischt bei sech opzehuelen an hinnen hir Stad oder Heemecht ze weisen.

Eng kloer a logesch Sprooch, déi (relativ) einfach ze léieren ass

Esperanto ass op der enger Säit e gudde Krack méi liicht ze léieren ewéi iergendeng national Sprooch, well säin Opbau einfach a regelméisseg ass. Op der anere Säit ass et awer erëm esou streng a kloer ewéi Latäin a kann doriwwer eraus an all Gebitt, sief et am Alldag, an der Literatur oder a Wëssenschaft an Technik, benotzt ginn.

Esperanto ass relativ liicht fir déi Léit, déi op d'mannst eng europäesch Sprooch kënnen (wat fir de gréissten Deel vun der Weltbevölkerung de Fall ass), well seng Wierder aus Wuerzelen ofgeleet ginn, déi gemengerhand an den europäeschen, virun allem de romanesche Sproochen virkommen. D'Orthographie ass phonetesch, dat heescht, all Wieder ginn esou geschwat, wéi se geschriwwe ginn. Fir dat ze erméiglechen, ass en eegent Alphabet entwéckelt ginn, wat op deem laténgesche baséiert, awer fir gewësse Lauter extra Buschtawen huet.

D'Grammatik ass einfach a regelméisseg; Substantiver, Adjektiver, Verben an Adverben hu charakteristesch Endungen. Et gëtt nëmmen ee bestëmmten, onverännerlechen Artikel, "la" (z.B. "la amiko" - "de Frënd"). Substantiver hu kee Genre a gi gekennzeechent duerch d'Endung "-o"; de Pluriel gëtt markéiert duerch "-oj", an den Akkusativ bzw. den direkten Objet  duerch "-on" ("-ojn" am pluriel): "la amiko" ("de Frënd"), "la amikoj" ("d'Frënn"), "la amikon" ("dem Frënd"), "la amikojn" ("de Frënn"). D'Adjektiver hunn d'Endung "-a": "amika" ( "frëndschaftlech"), a kréie Pluriels- and Akkusativendungen no de Substantiver, vun deenen se ofhänken: "la bonaj amikoj estas tie" ("déi gutt Frënn sinn hei") - "mi vidas la bonajn amikojn" ("ech gesinn déi gutt Frënn").

D'Verbe sinn alleguerte regelméisseg a kréien nëmmen eng Endung fir all Zäiten a Moden: "mi iras" (Indicatif Präsens: "ech ginn"), "mi iris" (Indicatif vun der Vergaangenheet: "ech si gaangen"), "mi iros" (Indicatif vun der Zukunft: "ech wäert goen"), "mi irus" (Konditionnel: "ech géif goen"),  "vidu" (Imperatif bzw. "Volitif": "géi" bzw. "gitt"). D'Endunge si fir all Persounen identesch: "mi iras" ("ech ginn"), "vi iras" ("du gees"), "li iras" ("hie geet"), "ni iras" ("mir ginn"), "vi iras" ("dir gitt"), "ili iras" ("si ginn"). Adverbe kënnen duerch d'Endung "-e" ofgeleet ginn: "amike" ("frëndschaftlech").

Ët gët eng ganz Rei vun Affixen, déi u Wierder ugehaange kënnen gin an déi et esou erlaben, nei Bedeitungen a Begrëffer ze schaafen: "lerni" ("léieren"), "lern-ig-i" ("léieren dinn, bäibréngen"), "lern-ej-o" ("Uert, an deem geléiert gëtt, Schoul"), "lern-ej-a" (adj.: "schoul-"), "lern-EJ-ESTR-o" ("Meeschter vun enger Schoul, Schouldirekter"). Wéi am Däitschen oder a gewëssen asiatesche Sproochen ewéi d'Tierkesch, ass et méiglech, Wierder aus aneren zesummenzesetzen. Doduerch kann de Wuertschatz vum Esperanto praktesch onbegrenzt erweidert ginn.

Weider Informatiounen (net nëmmen) iwwer den Opbau vum Esperanto kënnt Dir z.B. um däitschen Esperanto-Site gewuer ginn.

Eng lieweg Sprooch mat enger eegener Kultur

Esperanto ass längstens zu enger lieweger Sprooch ginn, an där Zeitunge geschriwwen a Radiosemissioune geschwat ginn. Dat soll net verwonnere, sinn dach och dat modernt Hebräesch an dat sougenannte "Nei-norwegesch" "kënschtlech" Sproochen. Et gëtt net nëmmen en Esperanto-Weltverband mat enger ganzer Rëtsch Landes- a Fachverbänn, mee och eng Sproochakademie, déi sech ëm d'Fleeg vum Esperanto këmmert, an esou guer eng International Wëssenschaftsakademie (mat Sëtz zu San Marino), dären hir Geschäftssprooch Esperanto ass.

An Esperanto gi Gedichter, Romaner an Theaterstécker geschriwwen an all Zorte vu Musik gemaach. Nimm ewéi Kalman Kalocsay, William Auld, Spomenka Stimec, Trevor Steele, Mao Zifu an Abel Montagut, fir nëmmen e puer ze nennen, sti fir eng Literatur, déi de Vergläich mat aneren aushält. 1993 huet de PEN, den Internationale Klub vun den Poeten, Essayisten an Novelisten, esouguer eng eegen Esperantosektioun geschaf an 1998 gouf zum éischte Mol an der Geschicht en eminenten Esperantodichter, de William Auld, fir den Nobelpräis virgeschloen.

Esperantiste fillen sech net nëmmen hiren eegenen Natiounen a Kulturen zougehéiereg, mee och als Member vun enger internationaler Gemeinschaft, déi net nëmmen duerch eng gemeinsam Sprooch, mee och duerch eng gemeinsam international Kultur an en humanistescht Engagement fir d'Verstännegung ënnert de Völker zesummegehale gëtt.

 

sago Zréck op d'éischt Säit