Historique vun der Technikercarrière

1969 Technikerausbildung as an den Schoulen ugelaaf
1973 Di éischt Techniker verloossen d'Schoul a gin an d'Berufsliewen
1979 An dësem Schoulgesetz krit den 'Diplôme de Technicien' déi selwecht Rechter wéi den fin d'étude secondaire
1986 Beim ' Härtefall-Gesetz ' as d'Carrière vum Techniker beim Staat gesetzlech verankert gin
1986 De Minister vum Environnement huet e Projet de Réglement Grand-Ducal (P.R.G.D.) un de Minister vun der Fonction Publique geriicht fir des Carrière anzeféieren
1987 De Minister vun Ponts et Chaussées huet e P.R.G.D. un de Minister vun der Fonction Publique geriicht fir des Carrière anzeféieren
1987 Direktioun vum Bâtiments Publics huet en P.R.G.D. un de Conseil des Ministres geriicht fir dës Carrière anzeféieren
1987

De Minister Marc Fischbach (Fonction Publique) huet en Projet de Réglement Grand-Ducal iwert d'Admissioun, d'Nominatioun etc. fir d'Carrière vum Techniker gemâch, mat dem Vermierk:

' à remarquer que ce projet devra bénéficier de la procédure d'urgence '

1987 Direktioun vun der Post huet en P.R.G.D. un de Finanzminister Jacques SANTER geriicht fir dës Carrière endlech anzeféieren
1990 Och dëst Schoulgesetz erkennt den 'Diplôme de Technicien' un
1990 De Minister Marc Fischbach bild eng Comissioun fir Technikercarrière endlech anzeféieren
1994 Direktioun vun der Post erstellt e Projet de Réglement Grand-Ducal, wou mat Nodrock Technikercarrière an dëser Entreprise verlangt gëtt
1994 Dësen Projet de Réglement Grand-Ducal kënnt vum Fonktiounsminister Fernand Boden ërem, ëneranerem wéinst dem Problém vun der Technikercarrière
1994 Entrevue mam Fonktiounsminister Fernand Boden
1995 Entrevue mam Fonktiounsminister Michel Wolter
1996 Bespriechungen am Ministerrot ... alles bis elo ouni Resultat
1997 Parlamentarësch Ufro mat Débat den 24. Abrël mat entäuschendem Resultat (-> Archives)
1998

Ufank Juni sollt e projet de loi ausgeschafft sin an duerno soll no Aussoën vum Här Colas endlech eng Décisioun am Ministerrot fällëg sin.

Eng Nofro beim Här Colas Enn November huet erbruecht dat den Dossier (wiens zeviller Aarbecht virun de Wahlen d'nächst Joër !!!) nach ëmmer nët bis bei de Minister komm as!?

1999

De juristesche Wee gët elo definitif ageschloën - Eng Plainte um Aarbechtsgericht gėt vun iwwer 70 beim Staat betraffen Techniker agereecht.

2000 D'juristesch Pladoyéėn goufen de 15 Mee beim Aarbechtsgericht gehalen. Hei as d'Urteel vum 29 Mai 2000:

Par ces motifs,

le tribunal administratif, première chambre, statuant à l'égard de toutes les parties;

se déclare incompétent pour connaître du recours en réformation,

ainsi que des éléments d'action en responsabilité civile dirigée contre l'Etat;

reēoit le recours en annulation en la forme;

au fond le dit non justifié;

partant en déboute;

laisse les frais à charge des demandeurs.

D'Aarbechtsgericht erklärt sech also nėt capable fir iwwer d'Saach ze riichten.

2001

Eng Plainte op Schuedenersatz beim Zivilgeriicht gėt agereecht - wéins “délai non résonnable“ säitens der Fonction Publique wéins der Emsetzung vum Gesetzestext vu 1986.

2002

De 25. Februar soll d'Urteel geschwaat gin. Et gėt awer nach verluegt, well d'Gericht nach präzis Donnéėn iwert de Sträitwert brauch...

2003

Emmer erem soll d'Urteel geschwaat gin a gėt awer emmer erem verluegt.... Mir waarden a wėllen nėt mat Zeitungsartikel beaflossen...

2004

Endlech gėt am Abrėl en Urteel geschwaat: Negatif fir d'ANTD!! Mir mussen d'ganz Käschte bezuelen. Haaptargument vum Gericht: de 'pourront être crées' am Gesetzestext gėt nit automatesch en 'vont être crées' ... Mir iwwerléen wat elo machen...

sysiphus on work